Op den Inhalt sprangen

De Spiller

Vu Wikipedia

De Spiller (russ. Игрок - "Igrok") ass e Kuerzroman vum Fjodor Dostojewski iwwert e jonke Schoulmeeschter am Déngscht vun engem viraals räiche Generol, dee lues awer sécher der Spillsucht verfält.

Autobiographesch Aspekter

Den Dostojewski huet 1863 zu Wiesbaden selwer mat Spillen ugefaang a koum bis 1871 net hannert seng Sucht. De Roman reflektéiert a méi wéi enger Hisiicht dem Auteur seng eege Spillsucht: en huet en 1866 direkt no D'Verbriechen an d'Strof senger Stenotypistin a spéiderer Fra Anna Grigorjewna Snitkina an nëmme 27 Deeg diktéiere misse fir säi Kontrakt mat sengem Verleger anhalen ze kënnen deen him Sue virgestreckt hat.

Weider autobiographesch Zich fanne sech an der Beschreiwung vun der Bezéiung tëscht dem Schoulmeeschter an dem Generol senger Stéiduechter. Hei huet den Dostojewski seng onglécklech Léift zum Apollinarija ("Polina") Suslowa literaresch verschafft.

Den Auteur geet des weideren op seng Ofneigung géint verschidden europäesch Natiounen an, absëns Frankräich an Däitschland komme mat bëssege Portraite schlecht ewech. En deet säi Protagonist de russesche Charakter luewen, dee mat Leidenschaft lieft a sech net kale Rechnungen higëtt, wéi déi westeuropäesch Personnagen aus dem Roman. D'Ambiguitéit entsteet dorauser, datt grad dës Leidenschaft den Haaptprotagonist an den Ofgrond räisst.

Ëm wat geet et?

Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

De Roman gëtt erzielt aus der Siicht vum Privatschoulmeeschter Aleksej Iwanowitsch. D'Handlung dréit ëm eng Grupp vu Leit, déi kuerz virum finanzielle Ruin stinn, an am fiktive Bad Roulettebuerg op eng grouss erléisend Ierfschaft waarden.

Den ale Familljepatriarch, De Generol, huet héich Scholde beim arrogante Fransous De Grieux. Sollt seng al Moskauer Tatta verscheeden, da giffen hir Suen him zoufalen an hee kéint net nëmmen den De Grieux ausbezuelen, mee dëse Geldsege géif och eng Hochzäit tëscht him an der hallefseidener Franséisin Mademoiselle Blanche begënschtegen, an déi heen hoffnungslos verléift ass. Gläichzäiteg huet dem Generol seng Stéiduechter Polina Alexandrowna gläich dräi Prätendenten: hire Kavaléier De Grieux, den aarme Schoulmeeschter Aleksej Iwanowitsch deen vun hir awer just ausgenotzt, verspott a veruecht gëtt, an de scheie räichen Englänner Mr. Astley.

Aplaz datt en Telegramm mat der Confirmatioun vum Doud vun der kranker Ierftatta antrëfft, kënnt dës resolut Dame selwer op Roulettebuerg, fir de Generol direkt oppe wëssen ze loossen datt hee kee Su sollt kréien. D'Katastroph ass e puer Deeg méi spéit komplett, wéi déi al Dame e groussen Deel vun hirem Verméigen beim Roulette verluer huet an nees op Moskau zréckfiert. Den De Grieux verléisst d'Polina an d'Mademoiselle Blanche intresséiert sech net méi fir de Generol.

Elo bekennt d'Polina dem Aleksej hir Léift, deen doropshin an de Kasino leeft, fir Sue fir d'Scholde beim De Grieux ze beschafen. Dëst geléngt him souguer tatsächlech, méi wéi en dem Polina de Goss bréngt, refuséiert dat an annoncéiert datt et en elo haasst, an et flücht bei de Mr. Astley.

Den Aleksej geet doropshin zesumme mat der Mademoiselle Blanche op Paräis, déi mat senger Erlaabnes säi gewonnent Verméige bannent engem Mount mat vollen Hänn fir hir eege Besoinen ausgëtt. De Generol ass hinnen nogereest, an d'Mademoiselle Blanche bestit heen obwuel hee wéinst deenen Evenementer komplett stompsënneg ginn ass, just fir den Titel ze kréien.

Op en Neits veraarmt verléisst den Aleksej Paräis a schléit sech als Lakai zu Homburg a Baden-Baden duerch. Soubal en e puer Su verdéngt huet dréit e se direkt op de Roulettedësch. Souguer d'Noriicht vum Mr. Astley, datt d'Polina sech an der Schwäiz erhëlt, awer heen ëmmer nach gär huet an e gesi wëllt, kann heen net vu senger Spillsuucht lassräissen, déi e mëttlerweil komplett erfëllt.

Adaptatiounen

De Roman huet de Sergei Prokofjew fir seng Oper mam selwechten Numm inspiréiert (1917).

D'literaresch Virlag gouf donieft net manner ewéi 9 Mol verfilmt, eng éischte Kéier 1919 als Stommfilm, a bis ewell eng leschte Kéier 2007 als The Gamblers ënnert der Regie vum Sebastian Bieniek, deen auch den Alexej spillt, a mam Frederike Nass als Polina.

Um Spaweck