Op den Inhalt sprangen

Fënster (Gebai)

Vu Wikipedia
Versioun vum 02:38, 13. Jan. 2023 vum Volvox (Diskussioun | Kontributiounen).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)
Eng Fënster

An der Architektur an am Bau ass eng Fënster ee Lach an enger Mauer dat eng Rumm huet. Deen Deel, dee fest mat der Mauer verbonnen ass, gëtt och Uschlag genannt, an deen Deel deen opgeet ass de Flillek.

Fënstere ginn, ausser dem Glas, aus verschiddenem Material gemaach: Holz, Stol, Aluminium, PVC oder enger Kombinatioun vun deene Materialien, z. B. Aluminium-Holz-Fënster.

Deemno wéi s'opginn, ënnerscheet een tëscht franséische Fënsteren, englesche Fënsteren, italieenesche Fënsteren, Guillotinefënsteren, Kullissefënstern, Kippfënsteren, Dréifënsteren, Dréikippfënsteren.

Fënstere spillen eng grouss Roll an der Gestaltung vun enger Fassad.

Commons: Fënsteren – Biller, Videoen oder Audiodateien