Op den Inhalt sprangen

Albedo

Vu Wikipedia
Mëttel Albedowäerter am Sonnesystem
Planéit Geometresch
Albedo
Sphäresch
Albedo
Merkur 0,106 0,119
Venus 0,65 0,76
Äerd 0,367 0,39
Mars 0,15 0,16
Jupiter 0,52 0,7
Saturn 0,47 0,74
Uranus 0,51 0,81
Neptun 0,41 0,29
Pluto (Zwergplanéit) 0,6 0,5
Albedowäerter vu verschiddenen Uewerflächen
Material Albedo
Frësche Schnéi 0,80 – 0,90
Ale Schnéi 0,45 – 0,90
Wolleken 0,60 – 0,90
Wüst 0,30
Savann 0,20 – 0,25
Felder (onbestellt) 0,26
Gras 0,18 – 0,23
Bësch 0,05 – 0,18
Asphalt 0,15
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 45°)
0,05
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 30°)
0,08
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 20°)
0,12
Waasserfläch
(Schréiwénkel > 10°)
0,22

D'Albedo (lat. albedo = „Wäissheet“; lat. albus = wäiss) ass eng Mooss fir d'Réckstrahlverméigen vun diffus reflektéierenden (reemittéierenden), also Uewerflächen, déi net selwer liichten.

D'Albedo ass virun allem an der Meteorologie vu Bedeitung, wou si Aussoen doriwwer erméiglecht, wéi staark sech d'Loft iwwer verschiddenen Uewerflächen erwiermt. Si fënnt och an der 3D-Computergrafik Uwendung, wou si als Mooss fir déi diffus Streekraaft vu verschiddene Materialie fir d'Simulatioun vun der Volumenstreeung déngt.

Weider huet d'Albedo och eng grouss Bedeitung fir d'Erhale vum Weltklima, doduerch datt energieräicht kuerzwellegt Liicht vun der Äerduewerfläch reflektéiert an a langwellegt wärmewierksamt Liicht ëmgewandelt gëtt.

Albedo-Zorten

Ënnerscheed vu verschidden Albedo-Zorten:

  • geometresch Albedo (och visuell geometresch Albedo genannt)
  • sphäresch Albedo (och Bondsche Albedo genannt)
  • hemisphäresch Albedo

Aflëss

Prozent vum reflektéierte Sonneliicht an Ofhängegkeet vun ënnerscheedlechen Äerduewerflächenbeschaafenheeten

Wa Wärmt duerch Strahlung zougeféiert gëtt an haaptsächlech duerch aner Prozesser ofgefouert gëtt, erreechen Uewerfläche mat manner Albedo méi héich Temperaturen (vgl. Asphalt a Schnéi). Wann d'Wärmt haaptsächlech duerch aner Prozesser zougefouert gëtt an (ënner aneren) duerch Strahlung ofgefouert gëtt, erreechen Uewerfläche mat geréngerer Albedo manner Temperaturen (dat ass och de Grond dofir, datt Killkierper vun elektroneschen Apparate meeschtens schwaarz sinn).

Glat Uewerfläche wéi Waasser, Sand, Schnéi hunn e relativ héijen Undeel vu Reflexioun, hir Albedo ass dofir staark ofhängeg vum Afallswénkel vun der Sonnestralung (kuckt Tabell).

Mëttel Albedo am Sonnesystem

D'Venus huet mat enger mëttlere sphäreschen Albedo vun 0,76 e ganzt héicht, de Äerdmound mat duerchschnëttlech 0,12 e ganz klengt Réckstrahlverméigen an d'Äerd huet eng mëttel sphäresch Albedo vun 0,39. De bis elo héchste gemoossene Wäert fält mat 0,99 op de Saturnmound Enceladus an déi niddregste Moyenne gouf mat nëmmen 0,03 um Koméit Borrelly festgestallt.

Miessung

D'Miessung vun der Albedo geschitt iwwer Albedometer a gëtt a Prozent uginn.

Literatur

  • Joachim Gürtler und Johannes Dorschner: Das Sonnensystem., Barth (1993), ISBN 3-335-00281-4

Um Spaweck