Op den Inhalt sprangen

Kräizwee

Vu Wikipedia
Versioun vum 06:58, 30. Aug. 2005 vum Marcus~lbwiki (Diskussioun | Kontributiounen).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

E Kräizwee bezeechent en eng kënschtleresch Duerstellung vum Leidenswee (via dolorosa) vum Jesus vun senger Veruertelung duerch de Pontius Pilatus bis hin zur Grawleeung. Ët fënt en se a bal alle kathoulesche Kierchen a Kapellen an heiansdo baussen um Wee fir bei eng Kapell (z. B. zu Grevemaacher) Traditionnel huet e Kräizwee 14 "Statiounen", d. h. 14 Momenter aus dësem Leidenswee déi sech op biblësch oder net-biblësch Quelle beruffen. Dës Zuel huet agaangs variéiert a huet sech dunn bei 14 (=2*7) stabiliséiert. Di 14 Statiounen sinn:

  1. Geriecht vum Pilatus: de Jesus gett zum Doud veruurteelt.
  2. De Jesus hëllt d'Kräiz op seng Schëllere.
  3. De Jesus fällt eng éischt Kéier.
  4. De Jesus begéint seng Mamm.
  5. De Simon vun Zyrene hëlleft dem Jesus d'Kräiz ze droen.
  6. D'Veronika reecht dem Jesus e Schwesduch.
  7. De Jesus fällt eng zweet Kéier.
  8. De Jesus begéint de Fraen déi kräischen.
  9. De Jesus fällt eng drëtt Kéier.
  10. Se klauen dem Jesus seng Kleder.
  11. De Jesus gett un d'Kräiz geneelt.
  12. De Jesus stierwt um Kräiz.
  13. De Jesus gett vum Kräiz geholl an senger Mamm an de Schouss geluecht.
  14. De Jesus gett begruewen.

Als Kräizwee oder Statiounen kann en och eng Andacht bezeechen an där de Leidenswee vum Jesus meditéiert gett. Dës Andacht gett besonnesch op Karfréideg am Nomëtteg gehaal.

15. Statioun

Zanter e puer Joerzengten gesäit en awer och Kräizweeër matt 15 Statiounen (z. B. an der Kierch vu Rued-Sir). Déi 15. Statioun weist d'Opersteeung an ass wéinst der Wichtegkeet déi dëser vun de Chrëschte bäigemoss gett oft méi grouss ewéi déi 14 virdrun (z. B. um Cents, zu Zéisseng, zu Nidderkärjheng).