Op den Inhalt sprangen

Kräizwee

Vu Wikipedia
De Kräizwee zu Celles-lez-Dinant

E Kräizwee bezeechent en eng kënschtleresch Duerstellung vum Leidenswee (via dolorosa) vum Jesus vu senger Veruerteelung duerch de Pontius Pilatus bis hin zur Grafleeung. Et fënnt ee se a bal alle kathoulesche Kierchen a Kapellen an heiansdo baussen um Wee fir bei eng Kapell (z. B. zu Gréiwemaacher).

Traditionnel huet e Kräizwee 14 "Statiounen", d.h. 14 Momenter aus dësem Leidenswee, déi sech op biblesch oder net-biblesch Quelle beruffen. Dës Zuel huet ugaangs variéiert an huet sech du bei 14 (=2*7) stabiliséiert. Déi 14 Statiounen sinn:

  1. Geriicht vum Pilatus: de Jesus gëtt zum Doud veruerteelt.
  2. De Jesus hëlt d'Kräiz op seng Schëlleren.
  3. De Jesus fält eng éischte Kéier.
  4. De Jesus begéint senger Mamm.
  5. De Simon vun Zyrene hëlleft dem Jesus d'Kräiz ze droen.
  6. D'Veronika reecht dem Jesus e Schweessduch.
  7. De Jesus fält eng zweete Kéier.
  8. De Jesus begéint de Fraen déi kräischen.
  9. De Jesus fält eng drëtte Kéier.
  10. Se klauen dem Jesus seng Kleeder.
  11. De Jesus gëtt un d'Kräiz geneelt.
  12. De Jesus stierft um Kräiz.
  13. De Jesus gëtt vum Kräiz geholl a senger Mamm an de Schouss geluecht.
  14. De Jesus gëtt begruewen.

Als Kräizwee oder Statiounen kann een och eng Andacht bezeechen an där de Leidenswee vum Jesus meditéiert gëtt. Dës Andacht gëtt besonnesch op Karfreideg am Nomëtteg gehal.

15. Statioun

Zanter e puer Joerzéngte gesäit een awer och Kräizweeër mat 15 Statiounen (z.B. an der Kierch vu Rued-Sir). Déi 15. Statioun weist d'Operstéiung an ass wéinst der Wichtegkeet déi dëser vun de Chrëschte bäigemoss gëtt dacks méi grouss ewéi déi 14 virdrun (z.B. um Cents, zu Zéisseng oder zu Nidderkäerjeng).

Commons: Kräizwee – Biller, Videoen oder Audiodateien