Op den Inhalt sprangen

Karolos Papoulias

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Karolos Papoulias, 2009

De Karolos Papoulias (gr.: Κάρολος Παπούλιας; * 4. Juni 1929 zu Ioannina) ass e griichesche Politiker. Hien ass zënter 2005 Staatspresident vu Griicheland. Virdru war hien Deputéierten a vun 1985 bis 1989 an vun 1993 bis 1996 Ausseminister.

A sengem Jonktem huet de Papoulias Droit studéiert, ier en am Zweete Weltkrich an d'Resistenz gaangen ass fir géint déi däitsch Besatzung ze kämpfen. Während der Diktatur vun de Colonellen (1967-1974) huet e grad an Däitschland Asyl fonnt.

Duerno huet hien déi panhellenesch sozialistesch Partei (PASOK) matgegrënnt a gouf zweemol Ausseminister (1985-1989, 1993-1996).

Den 8. Februar 2005 gouf en op Propositioun vum konservative Premier Kostas Karamanlis zum President vun der Republik gewielt. Am Februar 2010 gouf en erëmgewielt.


Commons: Karolos Papoulias – Biller, Videoen oder Audiodateien