Op den Inhalt sprangen

Gol

Vu Wikipedia
Foussballsgol mat Golkipp

E Gol (vum engl. goal) ass bei verschiddenen Equippesportaarten, déi mat engem Ball gespillt ginn, eng Zort Rumm, déi op zwou Säite vum Spillterrain, déi sech géintiwwer leien, festgemaach ass. Dacks ass en Netz hannendrun. Zil vun deene Sportaarten ass et, de Ball (beim Äishockey de Puck) an de géigneresche Gol ze schéissen an ze verhënneren, datt déi aner Equipe dat beim eegene Gol mécht.

Ee Member vun der Equipe ass de Golkipp (vum Englesche goal keeper - "Wiechter vum Gol"), fir dee besonnesch Regele gëllen, an deem seng Roll et ass, sech speziell dofir anzesetzen, ze verhënneren, datt de Ball an de Gol geet.

"Gol" nennt een duerch Analogie och dee Punkt, deen eng Equipe kritt, wann de Ball an de Gol geet, an och de Fait, de Ball an de Gol ze schéissen (vgl. "D'Equipe Y läit zwéi Goler hannen" - "Den X. huet e Gol geschoss").

Um Spaweck

Commons: Goler – Biller, Videoen oder Audiodateien