Op den Inhalt sprangen

Island

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Schabloun:Lännerkëscht Island ass en Inselstaat am Norde vum europäesche Kontinent, an no England deen zweetgréissten Inselstaat vun Europa.

Island läit am Nordatlantik a bësse südlech vum nërdleche Polarkrees.

Politik

Island gouf den 1. Januar 1918 souverän, blouf awer a Personalunioun mat der "dänescher Kroun". De 17. Juni 1944 huet et déi Unioun gekënnegt an d'Republik ausgeruff. Am Parlament, dem Althing, sinn 63 Deputéierten. All véier Joer gëtt gewielt.

Island huet besonnesch staark ënnert der Finanzkris 2007/2008 ze leiden. An deem Zesummenhank ass och d'Demande ze gesinn, der Europäescher Unioun bäizetrieden, déi de 16. Juli 2009 vum Althing guttgeheescht gouf.

Bevëlkerung

Dem Statistesche Büro vun Island no [1] hunn den 3. Abrëll 2008 313.376 Leit op der Insel gelieft, dovunner waren der 291.942 Islänner.

Am Géigesaz zu villen anere westleche Staaten ass d'Bevëlkerungszuel an Island, wéi och zu Lëtzebuerg, an de leschte Joren ëmmer méi grouss ginn, an an de leschte 5 Joer ass déi souguer nach méi séier erop gaang. Den Trend gëtt ënnerstëtzt duerch den Ustig vum Auslännerundeel, dee sech selwer duerchschnëttlech ëm circa 1,5 % all Joer tëscht 1950–1990 an ëm 3,5 % am Joer 2003 vergréissert huet.

2008 si 6,83 Prozent vun der islännescher Bevëlkerung Auslänner.

An der Bevëlkerung ginn et ënnert anerem 2,7 % Polen, 0,3 % Dänen, 0,2 % Philippinos a 0,3 Däitscher.

Stied

Eng 93 % vun der Bevëlkerung lieft a Stied. Déi gréisste sinn:

D'Awunnerzuel bezitt sech jeeweils op den 3. Abrëll 2008 an déi ganz Gemeng (Municipality)

Kuckeswäertes

Linken

Um Spaweck

Referenzen

  1. www.statice.is
  2. www.statice.is
  3. www.statice.is
  4. www.statice.is
  5. www.statice.is
  6. www.statice.is
  7. www.statice.is


Commons: Iceland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA