Op den Inhalt sprangen

Traité vu London (1867)

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Traité vu London aus dem Joer 1867 war d'Resultat vun engem Kongress, deen tëschent dem 7. an dem 11. Mee 1867 zu London ofgehale gouf. D'Zil vun dësem Kongress war et, eng Léisung fir d'Lëtzebuerg-Kris ze fannen.

De Wëllem III. wollt nämlech Lëtzebuerg un den Napoléon III. verkafen, mee den Otto von Bismarck war domadder net d'accord. Am Traité vu London gouf d'Fro geregelt, a Lëtzebuerg a Limburg aus dem Däitsche Bond entlooss. Lëtzebuerg krut seng Onofhängegkeet an et gouf als neutral erkläert. Dofir huet d'Festung Lëtzebuerg misse geraumt an uschléissend geschlaff ginn.

D'Schläifung vun der Festung huet 16 Joer gedauert (1867-1883), woubéi d'Obbaute vum Bock verschwonne sinn, awer glécklecherweis d'Kasematte wéint Gefärdung vun der Stad net gesprengt konnte ginn.