Op den Inhalt sprangen

Vk.com

Vu Wikipedia
Den offizielle VKontakte Logo
De Pawel Durow (2010)

VKontakte (ВКонтакте - A Verbindung/Kontakt) ass en online Kontaktnetzwierk, dat absënns a Russland an an anere fréiere Sowjetrepublike populär ass. VK, wéi den international vermaarten Numm ass, gläicht an Design a Funktionalitéit dem US-Rival Facebook[1], mä offréiert méi intuitiv Navigatiounsmenüer, an d'Integratioun vun der Torrent Filesharing Technologie erlaabt d'Eropluede vu méi grousse Fichieren.

D'Netzwierk gouf offiziell am Oktober 2006 vun de Bridder Pawel und Nikolai Durow lancéiert a louch 2010 mat iwwer 100 Millioune registréierte Benotzer[2] op der fënnefter Plaz vun de meeschtbesichten Internetsäiten a Russland[3].

Am Januar 2009 huet de Site fir d'éischte Kéier méi Visiteure wéi säin Haaptkonkurrent a Russland, Odnoklassniki verzeechent. Anescht wéi déi leschtgenannte Säit riicht VKontakte sech un e liicht méi jugendlecht Publikum, huet en Interface deen a 67 Sproochen iwwersat ass, a bitt d'Méiglechkeet nieft Audio– och Videodateien eropzelueden.

D'LLC V Kontakte gouf den 19. Januar 2007 gegrënnt mat als Associéen dem Wjatscheslaw Mirilaschwili (60%), dem Pawel Durow (20%), dem Michail Mirilaschwili (10%) an dem Lew Lewijew (10%)[4]. Mëttlerweil gëtt d'Gesellschaft zu 100% vun der BVI Offshore Firma Doraview Limited gehalen, där hir Aktionärslëscht net ëffentlech ass, mä vun där duerch eng Ausso vun der Mail.Ru Group, déi och un Odnoklassniki bedeelegt ass, gewosst ass datt si 32,5% vun den Aktië besëtzt[5].

Um Spaweck

Commons: Vk.com – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Copycats: Top 10 International Facebook Klonen
  2. Startsäit vum Netzwierk
  3. Alexa Internet
  4. Wien ass VKontakte, Vedomosti 29. Februar 2008
  5. Pressematdeelung vun der Mail.ru Group, 16. November 2010

ak:VKontakte