Ptolemäus: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k r2.7.3) (Bot: Ännere vu(n) tl:Tolomeo op tl:Ptolomeo |
warscheinlech --> wahrscheinlech |
||
Linn 1: | Linn 1: | ||
[[Fichier:Claudius Ptolemaeus.jpg|thumb|left|220px|Claudius Ptolemäus]] |
[[Fichier:Claudius Ptolemaeus.jpg|thumb|left|220px|Claudius Ptolemäus]] |
||
De '''Ptolemäus Claudius''', gebuer ëm [[100]], et gëtt ugeholl zu [[Pelusium]] an [[Egypten]]; gestuerwen ëm [[175]], zu [[Alexandria]] an Egypten, war e [[Griicheland|griichesche]] [[Mathematiker]], [[Geograph]] an [[Astronom]]. De Ptolemäus huet |
De '''Ptolemäus Claudius''', gebuer ëm [[100]], et gëtt ugeholl zu [[Pelusium]] an [[Egypten]]; gestuerwen ëm [[175]], zu [[Alexandria]] an Egypten, war e [[Griicheland|griichesche]] [[Mathematiker]], [[Geograph]] an [[Astronom]]. De Ptolemäus huet wahrscheinlech zu Alexandria (Egypten) geschafft. |
||
De Ptolemäus huet d’''Mathematike Syntaxis'' (mathematesch Zesummestellung) geschriwwen, spéider ''Megiste Syntaxis'' (grouss Zesummestellung), haut ''[[Almagest]]'' genannt (ofgeleet vum [[Arabien|arabeschen]] ''al-Majisṭī''). Et ass eng Ofhandlung zu der [[Mathematik]] an zur [[Astronomie]] an 13 Bicher. Si war am [[Mëttelalter]] ee Standardwierk an der Astronomie (spéider och "[[Weltbild vum Ptolemäus]]" genannt). |
De Ptolemäus huet d’''Mathematike Syntaxis'' (mathematesch Zesummestellung) geschriwwen, spéider ''Megiste Syntaxis'' (grouss Zesummestellung), haut ''[[Almagest]]'' genannt (ofgeleet vum [[Arabien|arabeschen]] ''al-Majisṭī''). Et ass eng Ofhandlung zu der [[Mathematik]] an zur [[Astronomie]] an 13 Bicher. Si war am [[Mëttelalter]] ee Standardwierk an der Astronomie (spéider och "[[Weltbild vum Ptolemäus]]" genannt). |
Versioun vum 14:33, 7. Feb. 2013
De Ptolemäus Claudius, gebuer ëm 100, et gëtt ugeholl zu Pelusium an Egypten; gestuerwen ëm 175, zu Alexandria an Egypten, war e griichesche Mathematiker, Geograph an Astronom. De Ptolemäus huet wahrscheinlech zu Alexandria (Egypten) geschafft.
De Ptolemäus huet d’Mathematike Syntaxis (mathematesch Zesummestellung) geschriwwen, spéider Megiste Syntaxis (grouss Zesummestellung), haut Almagest genannt (ofgeleet vum arabeschen al-Majisṭī). Et ass eng Ofhandlung zu der Mathematik an zur Astronomie an 13 Bicher. Si war am Mëttelalter ee Standardwierk an der Astronomie (spéider och "Weltbild vum Ptolemäus" genannt).
Weltbild vum Ptolemäus
Nom Ptolemäus ass eis Äerd fest am Mëttelpunkt vum Weltall. All aner Himmelskierper (Mound, Sonn, Planéiten, Stären) bewege sech op Kreesbunnen ëm dëse Mëttelpunkt.
Fir astronomesch Beobachtunge mat dësem System an Eeklang ze bréngen, war et allerdéngs noutwenneg, all Himmelskierper op hire Bunne weider Kreeser ëm dës Bunn zéien ze loossen (sougenannten Epizykel, Epizykeltheorie), an deelweis och erëm Bunnen op dëse Bunnen. Duerch den Asaz vu ronn 80 där Bunne konnt de Ptolemäus d'Beobachtungen an Eeklang mat sengem Modell bréngen.
Dat ptolemäescht Weltbild war an der Genauegkeet vu senger Bunnevirausso och dem heliozentresche Weltbild vum Nikolaus Kopernikus iwwerleeën, wat (fälschlecherweis) ugeholl huet, datt d'Planéiten d’Sonn op Kreesbunnen ëmlafen. Eréischt dem Johannes Kepler seng Entdeckung, datt d’Planéiten op Ellipsen ëm d'Sonn lafen, huet zu engem méi geneeë Modell gefouert an zulescht dann derzou gefouert, datt dem Kopernikus säi Weltbild akzeptéiert gouf.
Kuckt och
Commons: Ptolemy – Biller, Videoen oder Audiodateien |