Op den Inhalt sprangen

Ptolemäus: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.2+) (Bot: Änneren: nds-nl:Ptolemaeus
k r2.7.3) (Bot: Ännere vu(n) tl:Tolomeo op tl:Ptolomeo
Linn 101: Linn 101:
[[fi:Klaudios Ptolemaios]]
[[fi:Klaudios Ptolemaios]]
[[sv:Klaudios Ptolemaios]]
[[sv:Klaudios Ptolemaios]]
[[tl:Tolomeo]]
[[tl:Ptolomeo]]
[[ta:தொலெமி]]
[[ta:தொலெமி]]
[[tt:Клавдий Птолемей]]
[[tt:Клавдий Птолемей]]

Versioun vum 06:41, 22. Jan. 2013

Claudius Ptolemäus

De Ptolemäus Claudius, gebuer ëm 100, et gëtt ugeholl zu Pelusium an Egypten; gestuerwen ëm 175, zu Alexandria an Egypten, war e griichesche Mathematiker, Geograph an Astronom. De Ptolemäus huet warscheinlech zu Alexandria (Egypten) geschafft.

De Ptolemäus huet d’Mathematike Syntaxis (mathematesch Zesummestellung) geschriwwen, spéider Megiste Syntaxis (grouss Zesummestellung), haut Almagest genannt (ofgeleet vum arabeschen al-Majisṭī). Et ass eng Ofhandlung zu der Mathematik an zur Astronomie an 13 Bicher. Si war am Mëttelalter ee Standardwierk an der Astronomie (spéider och "Weltbild vum Ptolemäus" genannt).

Weltbild vum Ptolemäus

Weltbild vum Ptolemäus (1661)

Nom Ptolemäus ass eis Äerd fest am Mëttelpunkt vum Weltall. All aner Himmelskierper (Mound, Sonn, Planéiten, Stären) bewege sech op Kreesbunnen ëm dëse Mëttelpunkt.

Fir astronomesch Beobachtunge mat dësem System an Eeklang ze bréngen, war et allerdéngs noutwenneg, all Himmelskierper op hire Bunne weider Kreeser ëm dës Bunn zéien ze loossen (sougenannten Epizykel, Epizykeltheorie), an deelweis och erëm Bunnen op dëse Bunnen. Duerch den Asaz vu ronn 80 där Bunne konnt de Ptolemäus d'Beobachtungen an Eeklang mat sengem Modell bréngen.

Dat ptolemäescht Weltbild war an der Genauegkeet vu senger Bunnevirausso och dem heliozentresche Weltbild vum Nikolaus Kopernikus iwwerleeën, wat (fälschlecherweis) ugeholl huet, datt d'Planéiten d’Sonn op Kreesbunnen ëmlafen. Eréischt dem Johannes Kepler seng Entdeckung, datt d’Planéiten op Ellipsen ëm d'Sonn lafen, huet zu engem méi geneeë Modell gefouert an zulescht dann derzou gefouert, datt dem Kopernikus säi Weltbild akzeptéiert gouf.

Kuckt och


Commons: Ptolemy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA