Op den Inhalt sprangen

Zwee

Vu Wikipedia
Versioun vum 04:31, 29. Nov. 2010 vum EmausBot (Diskussioun | Kontributiounen) ([r2.6.4] Bot Derbäi setzen: fj:Rua).
2

Déi natierlech Zuel Zwee (2) ass d'Nofolgerin vun der Eent an d'Virgängerin vun der Dräi. Et ass déi éischt gerued Primzuel.

Zwee an der lëtzebuergescher Grammaire

Déi lëtzebuergesch Grammaire[1] seet iwwer d'Zwee:

Les adjectifs numéraux cardinaux sont invariables à l'exception de eent et zwee. Ces deux adjectifs changent suivant le genre du substantif qui suit ou qui est sous-entendu.

Beispiller fir zwee:

Männlech Weiblech Sächlech
zwéi Beem, zwéin Afen zwou Fraen zwee Kanner
Zwéi Beem (m) Hues de déi zwéi gesinn? (bezitt sech op d'Beem)
Zwéin Afen (m) Ech gesinn der zwéin. (bezitt sech op Afen)
Zwou Fraen (w) Ech gesinn der zwou. (bezitt sech op Fraen)
Zwee Kanner (s) Hues de déi zwee gesinn? (bezitt sech op Kanner)

Zwee gëtt nach gebraucht wann ee vun enger Koppel schwätzt (m + w)

Beispill: Hues de déi zwee gesinn? (bezitt sech z.B. op Mann a Fra)

Bemierkung: Hautdesdaags gëtt et eng Tendenz fir d'Form zwéi(n) duerch zwee z'ersetzen.

Referenzen

  1. Grammaire de la langue luxembourgeoise, 2005 erausgi vum Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionelle ISBN 2-495-00025-8
Commons: 2 (number) – Biller, Videoen oder Audiodateien