Op den Inhalt sprangen

Buerfelt

Vu Wikipedia
Buerfelt
Burfelt
Vue op de Buerfelt aus der Loft (1991).
An anere Sproochen fr: Burfelt
Bourgfried
de: Burgfried
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Esch-Sauer
Buergermeeschter Laurent Hilger
Koordinaten 49° 54’ 00’’ N
      05° 51’ 26’’ O

De Buerfelt (lokal: Burfelt[1]), och alt Buergfrid, ass e Lieu-dit[1] an en Haff an der Gemeng Esch-Sauer.

Den Numm "Buergfrid" gouf eng éischt Kéier 1252 ernimmt. Den Numm soll entweeder schonn op d'Mëttelalter zeréckgoen, wou d'Meeschtere vun Esch-Sauer hire "Buergfridden" reegelméisseg erneiert hunn, oder op d'Joer 1695, wou d'Schlass- a Buerghären aus der Ëmgéigend e Verdeedegungs- an Hëllefsbond géint friem Truppen, déi doruechter marodéiert hunn, ofgeschloss sollen hunn.

Den Haff ass aus dem 18. Joerhonnert. Wéi de Stauséi gebaut gouf, huet de Bauerebetrib opgehalen, well e groussen Deel vun de Lännereien iwwerschwemmt gouf. 1974 huet de Lëtzebuerger Staat den Haff opkaaft an doran e Verwaltungszentrum vun der Administration des eaux et forêts installéiert. 1978 koum eng 6 ha grouss Bamschoul bäi, an 1993 gouf e Bëschentdeckungszentrum ageriicht.

Buergfrid-Affär

[änneren | Quelltext änneren]

1969 war dës ofgeleeë Plaz (deemools "Buurgfried" oder "Bourgfried" geschriwwen) Mëttel- an Ausgangspunkt vun der sougenannter Buergfrid-Affär, déi jorelaang héich Welle geschloen huet, an déi der Ministesch Madeleine Frieden-Kinnen hiert Amt kascht huet.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergfrid-Affär.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

Fir nozeliesen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Burfelt. Das Waldentdeckungszentrum. Hg.: Forstamt Wiltz, 2000.(Dépliant).
Commons: Buerfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.