Chloroform
Chloroform | |
---|---|
Systemateschen Numm (IUPAC) | Chloroform |
Trivialen Numm | Chloroform, Trichlormethan, TCM |
Cheemesch Formel | CHCl3 |
Ausgesinn / Geroch | Faarflos Flëssegkeet, staarke Geroch |
Eegenschaften | |
Dicht | 1,483 g/cm3 |
Léislechkeet | 8,2 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
Agregatzoustand | flësseg |
Molmass | 119,38 g/mol |
Schmëlzpunkt | -63.5 °C |
Kachpunkt | 61.2 °C |
Dampdrock | 213 hPa (20 °C) |
Thermodynamesch Daten | |
Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
–134.3 KJ·mol−1 |
Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
-473.2 KJ·mol−1 |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Monochloromethan Dichloromethan Tetrachloromethan |
Cheemeesch Famill | {{{Cheemeesch Famill}}} |
Chloroform oder Trichloromethan ass e chloréierte Kuelewaasserstoff mat der Formel CHCl3. Et ass ee vun de véier chloréierten Derivatsprodukter vum Methan.
Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]
Chloroform ass eng flüchteg a beweeglech Flëssegkeet. Si huet en agreabele Geroch a e brennende, séissleche Geschmaach. En ass léislech an organesche Léisungsmëttel wéi zum Beispill Alkohol, Ether an e bëssen am Waasser.
Cheemesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]
Chloroform ass net brennbar. Wann en der Loft an dem Liicht ausgesat ass, oxydéiert Chloroform lues a lues zu deenen héichgëftege Substanze Chlor a Phosgen. Fir dës graduell Oxydatioun ze stoppen a de Phosgen, den entstanen ass, ze zersetzen, enthält Chloroform ëmmer 1 bis 2 % Alkohol.
Hierstellung[änneren | Quelltext änneren]
Chloroform gëtt duerch d'Substitutioun vum Waasserstoff duerch Chlor aus Dichloromethan hiergestallt.
Uwendung[änneren | Quelltext änneren]
Fréier gouf Chloroform als Narkosemëttel duerch Anotme vun den Dämp benotzt. Mä en ass mëttlerweil duerch aner Produkter ersat ginn, well e gëfteg a geféierlech ass. Chloroform gëtt awer nach als Léisungsmëttel gebraucht. E soll a loftdichte Behälter gelagert ginn a vu Liicht an Temperaturen vu méi wéi 30 °C geschützt ginn.
Auswierkungen op d'Gesondheet[änneren | Quelltext änneren]
Et soll een den direkte Kontakt mat Chloroform vermeiden, well en d'Haut an d'Schläimhaut reizt an iwwer d'Haut an de Kierper gelaangt a den Organismus vergëft.
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Chloroform – Biller, Videoen oder Audiodateien |