Op den Inhalt sprangen

Colorado River

Vu Wikipedia
Colorado River
De Floss a säi Baseng
Längt 2330
Debit 640 m³/s
Fläch vum Baseng 637.137 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Rocky Mountains
Héicht 2700
Koordinaten 40.4722056 N, -105.8261216 W
Konfluenz
Leeft an Golf vu Kalifornien
Héicht 0
Koordinaten 31.815438 N, -105.8261216 W
Haaptnieweflëss vu lénks: Eagle River, Roaring Fork River, Gunnison River, Dolores River, San Juan River, Little Colorado River, Gila River; vu riets: Green River, Dirty Devil River, Escalante River, Paria River, Kanab Creek, Virgin River
Geographie
Land USA, Mexiko
Regioun Colorado, Utah, Arizona, Nevada, Kalifornien (USA), Baja California, Sonora (Mexiko)
Uertschaften San Luis Río Colorado, Grand Junction, Lake Havasu City, Yuma
De Colorado am Grand Canyon.
Den Horseshoe Bend, eng Schlauf bei Page, an Arizona
Den Hoover Dam.

De Colorado (spuen. fir (rout)gefierft) ass dee gréissten a wichtegste Floss am Südweste vun Nordamerika. En ass 2.333 km laang an huet e Baseng vu 635.000 km². E spillt eng wichteg Roll fir d'Landwirtschaft, an, duerch Staudämm, fir d'Gewanne vun Drénkwaasser an elektreschem Stroum am Südweste vun de Vereenegte Staaten.

De Colorado entspréngt am Rocky-Mountain-Nationalpark am US-Bundesstaat Colorado, nordwestlech vun Denver op der Westflank vun der Nordamerikanescher Kontinentaler Waasserscheed. Aus de Bierger vun de Rocky Mountains leeft en an Utah an an Arizona, wou en op engem grousse Streech d'Grenz tëscht Arizona an Nevada mécht. Dono mécht en d'Grenz tëscht Arizona a Kalifornien. Am Süde vu Kalifornie leeft de Colorado dann a Mexiko, wou en tëscht de Bundesstaaten Baja California a Sonora an de Golf vu Kalifornien leeft.

Wann de Colorado aus de Rocky Mountains erauskënnt, fänkt de Colorado-Plateau un. Um Verlaf doduerch, wou e sech zum Deel déif an de Buedem eragefrass huet, huet e mat sengen Nieweflëss duerch Erosioun vill eenzegaarteg Landschaften entstoe gelooss. Op enger Längt vu ronn 1.600 km leeft en duerch e puer Canyons, ë. a. de Glenwood Canyon am Colorado, de Glen Canyon am Utah, an de Marble Canyon an de Grand Canyon am Arizona. Den Ausgang vum Grand Canyon ass zum Lake Mead gestaut. Vun do leeft de Floss duerch d'Mojave-Wüst an dono duerch d'Sonora-Wüst. Wann e bis beim Golf vu Kalifornien ukënnt, ass dacks kee Waasser méi uewerierdesch dran, well et all ewechgeholl gouf fir ze nätzen. Viru senger Mündung leien d'Insele Montague, Gore a Pelícano.

Um Laf vum Floss ginn et eng zéng Barragen, dorënner esou impressionanter wéi den Hoover Dam, deen de Lake Mead net wäit ewech vu Las Vegas opstaut, an de Glen Canyon Dam mam Lake Powell. Déi zwéi Stauséie dingen dozou, Drénkwaasser ze späicheren a Stroum ze produzéieren. D'Waasser vum Floss gëtt iwwer Kanäl bis op Los Angeles, San Diego, Phoenix an Tucson transportéiert.

Zanter 2000 hëlt d'Quantitéit vum Waasser no an no of, wéinst ëmmer manner Néierschlag, ma och wéinst dem Bevëlkerungswuesstem an deene Stied, déi d'Waasser vun do kréien. De Lake Powell-Stauséi huet zanter 2000 iwwer 60 Prozent vu sengem Waasser verluer.

Dem Floss no:

Déi wichtegst vun Nord no Süd:

  • Dean W. Blinn, N. Leroy Poff: Colorado River Basin. In: Artur C. Benke, Colbert E. Cushing: Rivers of North America. Elsevier, 2005, ISBN 0-12-088253-1, Seiten 482–539
  • Steven W. Carothers, Bryan T. Brown: The Colorado River through Grand Canyon. University of Arizona Press, 1991, ISBN 0-8165-1232-9
Commons: Colorado River – Biller, Videoen oder Audiodateien