Op den Inhalt sprangen

Evrard Ketten

Vu Wikipedia
Evrard Ketten
Gebuer 13. Oktober 1842
Rollengergronn
Gestuerwen 6. September 1912
Lampertsbierg
Aktivitéit Gäertner, Rousenziichter

Den Evrard Ketten, gebuer den 13. Oktober 1842 am Rollengergronn an der deemoleger Gemeng Eech, a gestuerwen de 6. September 1912 um Lampertsbierg an der deemoleger Gemeng Rollengergronn, war e lëtzebuergesche Rousenziichter.

Hien huet seng Léier an der Rousenziichterei Soupert & Notting gemaach. 1864 huet hien, zesumme mat sengem Brudder Jean um Lampertsbierg d'Rousenziichterei Ketten Frères gegrënnt, déi zu deene bedeitendsten op der Welt gehéiert huet.

Tëscht 1887 an 1897 a vun 1900 bis zu sengem Doud war de Evrard Ketten am Stater Gemengerot.

Eng Rous, an och eng Strooss um Lampertsbierg, sinn no him genannt.