Op den Inhalt sprangen

Deneb (Stär)

Vu Wikipedia
Stärebild Schwan

Den Deneb oder α Cygni ass den hellste Stär am Stärebild Schwan. Den Deneb ass e ganz waarmen Iwwerris deen zu de bloe Rise gehéiert. Hie bilt zesumme mat der Vega an dem Altair dat bekannt Summerdräieck. D'Distanz vum Deneb op eis Sonn léisst sech ganz schwéier bestëmmen, well bei wäiten Objeten d'Moossfeeler scho groussen Afloss op d'Resultat hunn. Bei geneeë Miessungen mam Satellit Hipparcos gouf eng Parallax vun nëmmen 1,01 Millibousekonnen ermëttelt, wat enger Distanz vun zirka 3200 Liichtjoer entsprécht. Dem Deneb seng Stralungsenergie ass ronn 1,2 × 1032W an ass domat ronn 300.000-mol méi staark wéi eis Sonn.

Den Numm Deneb, kënnt aus dem arabeschen a bedeit „Schwanz“.

Bezeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Commons: Deneb – Biller, Videoen oder Audiodateien