Op den Inhalt sprangen

Gemeng Biermereng

Vu Wikipedia
Gemeng Biermereng
An anere Sproochen fr: Burmerange
de: Bürmeringen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Réimech
Fläch 1.380 ha
Koordinaten 49° 29’ 8’’ N
      6° 19’ 21’’ O


D'Gemeng Biermereng war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Réimech. Si huet du mat de Gemenge Schengen a Welleschten, zu der vergréisserter Gemeng Schengen fusionéiert.

Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1]

Geschicht

Biermereng gouf fir d'éischt Kéier 842 als Boinbringas an engem Dokument vum Keeser Lothar ernimmt. Elweng gouf 739 fir d'éischt Aigevingen genannt. Éimereng gouf 907 fir d'éischt Ombringas genannt.

Tëscht 1659 an 1769 war Biermereng ënner franséischer Herrschaft, zesummen ë. a. mat Munneref, Duelem a Bous, am Géigesaz zum Rescht vum Land, wat als Herzogtum Lëtzebuerg (ofwiesselnd ënner spuenescher, franséischer an éisträichescher Herrschaft) existéiert huet. [2]

Wopen

Beschreiwung am Originaltext:

Burelé d'or et de gueules au pal d'azur chargé d'une croix pattée d'argent accompagnée en chef et en pointe d'une fleur de lis d'or

Fusioun 2012

De 27. Januar 2010 haten d'Gemengeréit vu Schengen, Biermereng a Welleschten zougestëmmt, eng Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir hir Gemengen ze fusionéieren. Den 10. Oktober 2010 hunn an engem Referenden dozou d'Majoritéit vun de Leit an deene betraffene Gemengen enger Fusioun 2012 zougestëmmt.[3]

Buergermeeschteren

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Biermereng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  2. Source:Websäit vun der Gemeng Biermereng
  3. Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Welleschten hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl.:"Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." rtl.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.