Op den Inhalt sprangen

Hexaedrit

Vu Wikipedia

Hexaedritten sinn eng Klass vun Néckeleisenmeteoritten, déi beim Uschlëff an Unäetzen eng reng parallel Linn opweisen. Dës Linne ginn Neumann-Linnen genannt. Hexaedritte bestinn bal nëmmen aus der néckelaarmer Eiselegierung Kamazit mat 5-6 % Néckel[1] Si weisen am Ënnerscheed zu den Oktaedritte keng Widmanstätten-Struktur.

Déi strukturell Ënnerdeelung vun Néckeleisemeteoritten an Hexaedritte, Oktaedritte an Ataxitte orientéiert sech un hirer Textur beim Uschlëff an Unäetzen an dem dominéierendem Mineral.

Den Nummbezitt sech op Hexaeder gläich Würfel, well sech dës Meteoritte laanscht de Fläche vun engem Würfel splécke loossen[2].

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. J. T. Wasson, Meteorites. Springer-Verlag 1974.
  2. F. Heide, F. Wlotzka: Kleine Meteoritenkunde. Springer-Verlag 1988.