Op den Inhalt sprangen

Jean-Paul Schaaf

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Paul Schaaf
Gebuer 4. Dezember 1965
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

De Jean-Paul Schaaf, gebuer de 4. Dezember 1965 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker an Assistant social.

Hie war vun 2004 bis 2013 Deputéierten an der Chamber (CSV) fir de Bezierk Norden, a gouf dat och nees den 13. Oktober 2020, wéi hie fir de Marco Schank nogeréckelt ass[1]. No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 koum hien op en Neits den 11. Juli 2024 an dat nationaalt Parlament, wéi e fir de Christophe Hansen nogeréckelt ass.[2]

De Jean-Paul Schaaf gouf 1994 eng éischt Kéier Member am Ettelbrécker Gemengerot an zanterdeems duer erëmgewielt. Vum Mee 2003 bis de Juni 2023 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck. Zanterhier ass hien Éischte Schäffen[3].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Marco Schank: Kommunalpolitik statt Krautmarkt." wort.lu, 13.10.2020.
  2. "Christophe Hansen sera remplacé par Jean-Paul Schaaf à la Chambre des députés." virgule.lu, 12/06/2024.
  3. Bob Steichen übernimmt in Ettelbrück das Bürgermeisteramt." wort.lu [w+], 12.06.2023.
  4. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/
  5. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.