Op den Inhalt sprangen

Malz

Vu Wikipedia

De Malz besteet aus Käre vu Geescht, Weess oder Kar, déi engem kontrolléierte Keimungsprozess ënnerworf gi sinn. Dëse Keimungsprozess gëtt als mälze bezeechent. De Malz ass e Grondstoff bei der Béierproduktioun. Meeschtens gëtt dobäi op d'Geescht zeréckgegraff.

Weessmalzmiel (am Dréchene) besteet aus:

Waasser: 10 %
Maltos: 8 %
Steif: 57 %
Eewäiss: 12 %
Mineralstoffer: 1-2 %

Malzkaffi, oder Schiggeriskaffi gouf zu Lëtzebuerg vu Majerus an Drussel fabrizéiert.

De Malz am Lëtzebuergeschen

[änneren | Quelltext änneren]
  • do ass Happ a Malz verluer: an deem Fall ass näischt méi ze hëllefen
Commons: Malz – Biller, Videoen oder Audiodateien