Op den Inhalt sprangen

Otto Komp

Vu Wikipedia
Otto Komp
Gebuer 30. September 1891
Uckerath
Gestuerwen 14. Januar 1962
Hennef
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Fonctionnaire, Buergermeeschter
Partei NSDAP
Member vun NSDAP

Den Otto Komp, gebuer den 30. September 1891 zu Uckerath, haut en Uertsdeel vun der Stad Hennef, a gestuerwen de 14. Januar 1962 zu Hennef, war en däitsche Beamten, deen am Zweete Weltkrich Amtsbuergermeeschter vun Esch-Uelzecht war.[1]

Den Otto Komp huet no sengem Abitur ënner anerem zu Dortmund an zu Krefeld an der Verwaltung geschafft.[1] 1922 kommissaresch an 1923 definitiv, huet hien am Krees Moers de Buergermeeschterposte vun zwou Gemengen iwwerholl, déi hien a Personalunioun administréiert huet, an zwar d'Amt Rheurdt[2] an d'Amt Schaephuysen.[3][4],[5]

Am Oktober 1933 ass de Komp kommissaresche Buergermeeschter vu Bendorf (bei Koblenz) ginn.[6]

Den 18. Abrëll 1941 ass den Otto Komp kommissaresche Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht genannt ginn.[1] Hien huet domat de Jules Heisten, deen zënter dem Juli 1940 Buergermeeschter vun Esch war, ersat.

Am Mäerz 1942 an dono nach eng Kéier e puer Méint méi spéit, am September, huet de Komp gefrot, fir aus Gesondheetsgrënn op sengem Escher Posten ofgeléist ze ginn.[1] Seng Demande gouf schliisslech ugeholl, an de 25. November 1942 huet de Komp fir d'leschte Kéier eng Sëtzung vum Escher Stadrot presidéiert.[7]

Vum 1. Dezember 1942 un huet säin 1. Bäigeuerdenten, den Dr. Theodor Feldhege, den Interim als Buergermeeschter vun Esch assuréiert.[1]

Den Otto Komp sengersäits ass zeréck op säi fréiere Posten als Buergermeeschter vu Bendorf a. Rhein gaangen.[7] De Komp, deen zënter 1933 Member vun der NSDAP war[1], ass nom Krich an no Entnazifizéierung vun 1950 bis 1952 kommissareschen Amtsdirekter zu Oberpleis gewiescht[8]

  • Mäschig, T., 2012. Otto Komp – ein Überblick über seine Tätigkeit als Bürgermeister von Rheurdt und Schaephuysen von 1923 bis 1933. Geldrischer Heimatkalender 2012. S. 267-276 (hrsg. vom Historischen Verein für Geldern und Umgebung).
  • Massard, J.A., 2018. Esch: Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Rathaus wehte (II). Nazis auf dem Bürgermeisterstuhl. Tageblatt, 3. Dezember 2018, Nr. 281: 4-5.
  • Massard, J.A., 2018. Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Escher Rathaus wehte. Erweiterte Online-Version einer im Tageblatt publizierten dreiteiligen Artikel-Serie (November – Dezember 2018).
  • Courtoy, J., 2018. Die Eingemeindung Schifflingens an Esch/Alzette. Ein Rekonstruktionsversuch, Schifflingen, S. 8f. ISBN 978-2-9199539-0-5.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 Massard 2018.
  2. Amt Rheurdt.
  3. Amt Schaephuysen.
  4. Einführung des neuen Bürgermeisters von Esch. Escher Tageblatt 1941-04-23, S. 3.[1]
  5. Mäschig 2012.
  6. Aus der Schulchronik von Bendorf – Mülhofen von 1875 – 1950. Gesellschaft für Geschichte und Heimatkunde von Bendorf und Umgebung e.V.[2]
    Mäschig 2012; Massard 2018.
  7. 7,0 7,1 Luxemburger Wort 1942-11-26, S. 4 (Ratsherrensitzung in Esch-Alzig). [3]
  8. Bürgermeisterei Oberpleis.