Op den Inhalt sprangen

Suewelbuer

Vu Wikipedia
Suewelbuer
An anere Sproochen fr: Savelborn
de: Savelborn
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Dikrech
Gemeng Waldbëlleg
Ärenzdall
Buergermeeschter Andrée Henx-Greischer
Bob Bintz
Awunner 21 (Ärenzdall)
13 (Waldbëlleg)
  01.01.2021
Koordinaten 49° 48’ 40’’ N
      06° 15’ 08’’ O


Suewelbuer (bei Kadaster Savelbur) ass e Lieu-dit deen deels an der Ärenzdallgemeng an deel an der Gemeng Waldbëlleg läit.

Suewelbuer läit op der Kräizung vum CR356 (tëscht Iermsdref a Chrëschtnech) an dem CR358 (tëscht Miedernach an der Haler) op enger Héicht tëscht 356 an 374 Meter.

De gréissten Deel vum Lieu-dit läit an der Ärenzdallgemeng a just ee Bauerenhaff (zu Freckeisen zou) gehéiert zur Gemeng Waldbëlleg.

Südlech vun der Uertschaft si Quellen déi deelweis gefaasst sinn, an déi zum Quellgebitt vun der Halerbaach gehéieren.

Suewelbuer vum Wee vum Pletschterhaff aus gesinn
Commons: Suewelbuer – Biller, Videoen oder Audiodateien