Op den Inhalt sprangen

Vox (Partei)

Vu Wikipedia
Vox
President Santiago Abascal Conde
Generalsekretär Ignacio Garriga
Gegrënnt 17. Dezember 2013
Ideologie Nationalismus
Konservatismus
Politesch Positioun Riets
Europäesch Affiliatioun EKR (Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten)
Faarf Gréng
Websäit
voxespana.es/

Vox (Latäin fir "Stëmm") ass eng national konservativ, rietspopulistesch an euroskeptesch Partei a Spuenien, déi am Dezember 2013 vu fréiere Membere vum Partido Popular (PP) gegrënnt gouf. Se refuséiert d'Autonomierechter vun de spuenesche Regiounen a beméit sech amplaz fir eng zentralistesch Verfassung; et refuséiert illegal Immigratioun a Neofeminismus. An de spuenesche Medien gëtt si heiansdo als Rietsextremist klasséiert.[1]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Januar 2014 gouf Vox op enger Pressekonferenz zu Madrid offiziell virgestallt.[2] D'Grënn fir d'Spaltung no wieren déi mëll Manéier wéi d'PP mat der baskescher Terrororganisatioun ETA ëmgeet.[3] Donieft stoung och de Wonsch no engem zentraliséierte System a Spuenien am Virdergrond, deen am Géigesaz zum quasi-federalistesche System vun autonome Communautéiten a Spuenien aus 1978 géif stoen.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Memberen den 31. Dezember
2016 03.496
2017 04.792
2018 23.843
2019 52.407
2020 62.374

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. (de)Wahl in Spanien: Sozialisten siegen ohne eigene Mehrheit. FAZ.NET (2019-04-29). Gekuckt de(n) 2024-01-26.
  2. (es)Agencia ATLAS/Foto: REUTERS, Nace VOX, el nuevo partido de Abascal y Ortega Lara. eldia.es (2014-01-16). Gekuckt de(n) 2024-01-26.
  3. (es)Abascal deja el PP y acusa a Rajoy de 'traicionar sus ideas'. ELMUNDO (2013-11-25). Gekuckt de(n) 2024-01-26.