de Feierkrop

satiresch Wochenzeitung
Versioun vum 23:23, 11. Dez. 2013 vum Zinneke (Diskussioun | Kontributiounen) (neien Zortéierschlëssel fir Kategorie:Zeitungen zu Lëtzebuerg: "Neie Feierkrop" HotCat gouf benotzt).

de Feierkrop ass zanter dem 9. November 2012 den Numm vun enger satirescher Lëtzebuerger Wochenzeitung[1], déi bis dohin ënner dem Numm Den neie Feierkrop, a fir d'éischt den 8. Oktober 1993, erauskomm ass.

Entête vum Feierkrop

E gëtt erausgi e vun enger Société coopérative, an där d'Auteuren an Zeechner, déi matschaffen, versammelt sinn. Ënnertitel war am Ufank Onofhängegt satirescht Wocheblat, deen awer, no engem Lapsus vum Jacques Santer an engem Interview, an Onofhängege Knaschtbeschmotzer ëmgedeeft gouf.

Geschicht

Den Neie Feierkrop ass entstanen, nodeems de Jacques Drescher, dee Redakter bei der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek war, dës verlooss hat. Hien hat do e puer Joer laang freides eng satiresch Säit, De Feierkrop - Iwwert déi Déck, Fir déi Kleng, geschriwwen. Well dës Säit e grousse Succès hat, huet e mat anere Mataarbechter den Neie Feierkrop gegrënnt, deen datselwecht Konzept, op 4 Säiten am A3 Format, virugefouert huet.

D'Konzept an de Layout war am Ufank och vum Bordangs Louis beaflosst, enger Publikatioun, déi et Enn vun den 1980er Joren op eng Dosen Nummere bruecht hat, an déi am Ëmfeld vun der Escher Kulturfabrik erauskoum.

Den Neie Feierkrop haut

Am Joer 2006 goufen an der Moyenne all Woch 9.700 Exemplairë vum DNF verkaaft. Den Ëmsaz louch bei 412.787,97 Euro. D'Nettoresultat huet sech op 86.203,57 Euro belaf (+26,9 % par Rapport zum Joer virdrun).

Kuckt och

Um Spaweck

Fréier Entêten

Referenzen

  1. DF: De Feierkrop in neuem Ornat op rtl.lu