De Feierkrop
Den Neie Feierkrop ass eng satiresch Lëtzebuerger Wochenzeitung, déi fir d'éischt den 8. Oktober 1993 erauskomm ass. Erausgi gëtt e vun enger Société coopérative, an där d'Auteuren an Zeechner, déi matschaffen, versammelt sinn. Ënnertitel war am Ufank Onofhängegt satirescht Wocheblat, deen awer, no engem Lapsus vum Jacques Santer an engem Interview, an Onofhängege Knaschtbeschmotzer emgedeeft gouf.
Geschicht
Den Neie Feierkrop ass entstanen, nodeems de Jacques Drescher, dee Redakter bei der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek war, dës verlooss hat. Hien hat do e puer Joer laang freides eng satiresch Säit, De Feierkrop - Iwwert déi Déck, Fir déi Kleng, geschriwwen. Well dës Säit e grousse Succès hat, huet e mat anere Mataarbechter den Neie Feierkrop gegrënnt, deen datselwecht Konzept, op 4 Säiten am A3 Format, virugefouert huet.
D'Konzept an de Layout war am Ufank och vum Bordangs Louis beaflosst, enger Publikatioun, déi et Enn vun den 1980er Joren op eng Dosen Nummere bruecht hat, an déi am Ëmfeld vun der Escher Kulturfabrik erauskoum.
Den Neie Feierkrop haut
Am Joer 2006 goufen an der Moyenne all Woch 9.700 Exemplairë vum DNF verkaaft. Den Ëmsaz louch bei 412.787,97 Euro. D'Nettoresultat huet sech op 86.203,57 Euro belaf (+26,9 % par Rapport zum Joer virdrun).
Linken
Kuckt och
Um Spaweck
- dem Krop seng Websäit
- On lit les journaux que l'on mérite eng kritesch Analys am vum Jeff Kintzelé a Romain Kohn am forum 189, Januar 1999