Pierre Mondy

franséische Schauspiller a Regisseur

De Pierre Mondy, fir richteg Pierre Cuq, gebuer den 10. Februar 1925 zu Neuilly-sur-Seine a gestuerwen de 15. September 2012 zu Paräis, war e franséische Schauspiller a Regisseur.

Pierre Mondy
Gebuertsnumm Pierre Cuq
Gebuer 10. Februar 1925
Neuilly-sur-Seine
Gestuerwen 15. September 2012
13. Arrondissement
Doudesursaach béisaartege Lymphom
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Cours Simon
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Schauspiller, Filmregisseur, Theaterschauspiller, Regisseur
Famill
Bestuet mat Claude Gensac, Catherine Allary, Pascale Roberts

No senger Schauspillausbildung um Cours Simon krut hien 1948 seng éischt Theaterroll, 1949 déi éischt Filmroll (a Rendez-vous de juillet). Seng Roll als Napoleon am Abel Gance sengem Austerlitz huet him international Unerkennung bruecht.

An den 1970er Joren huet hie mat groussem Succès an franchouillarde Comédies-Serië wéi La 7e compagnie matgespillt.

Tëscht 1992 an 2004 huet hien de Polizeikommissär an der Tëleesserie Les Cordier, juge et flic gespillt, a vun 2005 bis 2007 an der Serie Commissaire Cordier, déi drop opgebaut huet.

Nieft Kino an Televisioun war hie staark am Theater aktiv, wou en iwwer 40 Joer souwuel als Schauspiller wéi och als Regisseur un Dosende vu Stécker matgewierkt huet.

als Schauspiller

änneren

vun 1950 bis 1959

änneren

vun 1960 bis 1969

änneren

vun 1970 bis 1979

änneren

vun 1980 bis 2008

änneren

als Regisseur

änneren

Um Spaweck

änneren