Henri Nanquette

lëtzebuergesche Buergermeeschter an Deputéierten

Den Henri (Heng) Nanquette, gebuer den 28. Januar 1943, a gestuerwen den 11. Juli 2024 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Deputéierten a Buergermeeschter.[1]

Henri Nanquette
Gebuer 28. Januar 1943
Gestuerwen 11. Juli 2024
Kierchbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Henri Nanquette war

  • vun 1972 bis 1978 Buergermeeschter vun der Gemeng Harel
  • vun 1979 bis 1988 Buergermeeschter vun der Stauséigemeng
  • vun 1989 bis 1993 a vun 1997 bis 2005 Conseiller an der Stauséigemeng
  • vun 1994 bis 1996 Schäffen an der Stauséigemeng.[2]

No de Chamberwale vum 10. Juni 1979 ass hie fir de Camille Ney, deen e Ministerposten ugeholl huet, an d'Chamber nogeréckelt an ass bis 1984 Deputéierte bliwwen.[3]

Referenzen

änneren
  1. Doudesannonce vum Henri Nanquette am Luxemburger Wort vum 13./14. Juli 2024 op der Säit 50.
  2. Doudesannonce vun der Stauséigemeng fir den Henri Nanquette am Luxemburger Wort vum 16. Juli 2024 op der Säit 26
  3. (fr)Nicolas Als, Robert L. Philippart, Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg - Die Abgeordneten des Großherzogtums Luxemburg. www.industrie.lu. Gekuckt de(n) 13.07.2024.