Lex Jacoby

lëtzebuergesche Schrëftsteller

Den Alexandre ("Lex" oder "Alex") Jacoby, gebuer den 28. Februar 1930 zu Jonglënster a gestuerwen den 20. November 2015[1], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.

Lex Jacoby
am Joer 2004
Gebuer 28. Februar 1930
Jonglënster
Gestuerwen 21. November 2015
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dichter, Schrëftsteller
Member vun Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
Famill
Kanner Nathalie Jacoby

Säi Liewen

änneren

De Lex Jacoby war vun 1962 bis 1990 zu Klierf Schoulmeeschter. Zanter 1951 huet hien op ville Plaze literaresch matgeschafft, an Die Warte, dem d'Lëtzebuerger Land, de Cahiers luxembourgeois an den nos cahiers. Hien huet d'kulturell Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton erausginn, déi 2004 hir 25 Joer gefeiert huet. Vun 2009 un huet hien och an der Zäitschrëft Koplescht – fréier an hott matgeschafft.

Wierker

änneren

1952 koum dem Lex Jacoby säin éischt Buch eraus, Die Sehnsucht des Schamanen, eng Sammlung vu Kuerzgeschichten a Gedichter. Scho fréi fanne sech déi spéider weiderentwéckelt Theemen, d'Joreszäiten an d'Natur. No zwee Gedichtsbänn op Franséisch huet den Auteur seng Sprooch a säi Genre fonnt; Reesliteratur an Tagebicher op Däitsch.

Weider Publikatiounen

änneren

Literaturpräisser

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Lex Jacoby – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Lex Jacoby im Alter von 85 Jahren verstorben wort.lu 21. November 2015