Louison Bobet

franséische Vëlossportler

De Louison Bobet gebuer den 12. Mäerz 1925 zu Saint-Méen-le-Grand a gestuerwen den 13. Mäerz 1983 zu Biarritz war e franséische Vëlosprofi an Tour de France Gewënner.

Louison Bobet
Gebuertsnumm Louis Bobet
Gebuer 12. Mäerz 1925
Saint-Méen-le-Grand
Gestuerwen 13. Mäerz 1983
Biarritz
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Vëlossportler, RIF- Resistenzler
Famill
Geschwëster Jean Bobet

De Bobet war Profi vun 1947 bis 1961, an huet an där Zäit 122 Victoiren eragefuer.

Hien ass fir d'Ekipp de France gefuer a fir e puer aner Ekippen: « Stella » vun 1948 bis 1955, « Mercier » vun 1955 bis 1960 an « Ignis » 1961.

Nodeem hien de Vëlo den 10. August 1962 un den Nol gehaangen hat, huet hien een Thalassotherapiezentrum zu Quiberon opgemaach an e puer Joer méi spéit en aneren zu Biarritz

Säi Brudder de Jean Bobet, dee fënnef Joer méi jonk war, huet 1955 Paris - Nice an 1956 Genua - Nice gewonnen. Hie war Drëtten 1953 am Circuit du Morbihan an dat selwecht Joer och Drëtte beim Milano - Sanremo

1993 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.

Palmarès

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Louison Bobet – Biller, Videoen oder Audiodateien