(216) Kleopatra
Den (216) Kleopatra ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 10. Abrëll 1880 vum Johann Palisa entdeckt gouf. Den Himmelskierper gouf no der alegyptescher Herrscherin Kleopatra genannt.
| |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,794 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,252 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4,669 Joer |
Mëttel Bunnvitess | 17,819 km/s |
Inklinatioun | 13,135 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 217 × 94 × 81 km |
Mass | ~3x10 kg |
Rotatiounsperiod | 5,385 h |
Albedo | 0,116 |
Absolut Hellegkeet | 7,3M |
Spektralklass | M-Typ |
Entdeckung | |
Entdecker | Johann Palisa |
Entdeckungsdatum | 10. Abrëll 1880 |
Plaz | Observatoire vu Pula |
Aner Bezeechnungen | - |
De Kleopatra beweegt sech tëscht 2,0892 (Perihel) astronomesch Eenheete bis 3,4979 AE (Aphel) op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn steet 13,1346° schréi zur Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2521.
Radarobservatiounen hunn erginn, datt den Asteroid Kleopatra eng onreegelméisseg längelzeg Form huet an un eng Hondsschanck erënnert. Mat den Ausmoosse vun 217 × 94 × 81 km (+- 25 %) gehéiert en zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Wéinst der staarker Reflexioun vun de Radiowelle gëtt ugeholl, datt et sech beim Kleopatra ëm en differenzéierten Asteroid mat engem Eisen-Néckel-Kär, engem Silikatmantel an enger Silikatkuuscht handelt. Déi baussenzeg Uewerfläch ass méiglecherweis aus dem Mineral Enstatit opgebaut, engem Material, aus deem och eng Grupp vu Steemeteoriten, d'Enstatit-Chondritte besteet [1].