Op den Inhalt sprangen

Captain Tsubasa: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
Linn 37: Linn 37:


=== Ken Wakashimazu ===
=== Ken Wakashimazu ===
Wakashimazu (若島津 健}, ''Wakashimazu Ken'') tränéiert am Ufang [[Karate]] am [[Dōjō|Dojo]] vun sengem Papp. Duero entschëed hen sech, obwuel säin Papp dogéint war, Foussball ze spillen.
Wakashimazu (若島津 健}, ''Wakashimazu Ken'') trainéiert am Ufang [[Karate]] am [[Dōjō|Dojo]] vun sengem Papp. Duero entscheet hie sech, obwuel säi Papp dergéint war, Foussball ze spillen.


An da U-16 war hen Stammgoolkip, an da éichter Nationalequipe ass hen hannert dem Genzo Wakabayashi nemmen Nummer zwee.
An der U-16 war hie Stammgolkipp, an der éischter Nationalequipe ass hien hanner dem Genzo Wakabayashi d'Nummer [[Zwee]].


=== Shingo Aoi ===
=== Shingo Aoi ===

Versioun vum 09:06, 1. Jan. 2019

Captain Tsubasa
Land Japan
Sprooch
Erauskomm 1981 bis 1988
Text Yoichi Takahashi
Zeechnungen Yoichi Takahashi

Captain Tsubasa ass eng Mangaserie vum Auteur an Zeechner Yoichi Takahashi, déi vun 1981 bis 1988 an der Weekly Shonen Jump verëffentlecht gouf. An der Geschicht geet et ëm de jonke Foussballspiller Tsubasa Ohzora a säin Dram, dee beschte Foussballspiller op der Welt ze ginn, a mat der japanescher Foussballnationalequipe d'Foussballweltmeeschterschaft z'erreechen.

D'Orginalserie weist dem Tsubasa säi Parcours, vu sengen éischte Mätcher als Primärschüler an der Schoulequipe bis zu sengem éischten internationalen Turnéier a Frankräich kuerz ier hie säi Lycée packt an dann a Brasilien geet. De Manga ass a ville Serië wéidergaangen, déi och als Anime verfilmt goufen, dorënner och vill Fernsehserien, OVAen a Kinosfilmer. Wéi déi éischt Serie ënner dem Titel Die tollen Fußballstars an Däitschland bekannt gouf, gouf do wéinst der WM 2006 de Manga Captain Tsubasa – Road to 2002 ënner dem Titel Super Kickers 2006 – Captain Tsubasa verfilmt.[1][2][3][4][5][6][7]

Handlung

Am Ufank vun der Serie plënnert den 11-järegen Tsubasa Ohzora mat senger Famill op Nankatsu an der Prefektur Shizuoka, wou hie beim FC Nankatsu, senger Schoulequipe, ufänkt. Mat där Equipe gewënnt hien d'Landesmeschterschaft vun de Primärschoulen.

De Ryo Ishizaki, de Genzo Wakabayashi an den Taro Misaki sinn nieft dem Tsubasa déi wichtegst Spiller vum FC Nankatsu. Nom Gewënn vun der Meeschterschaft ass de Genzo Wakabayashi an Däitschland geplënnert fir do beim FC Grünwald ze spillen. Den Taro Misaki goung a Frankräich. De Roberto Hongo, ee fréiere brasilanesche Foussballspiller, deen den Tsubasa beim FC Nankatsu trainéiert hat, goung hannescht a Brasilien.

Bei der Landesmeeschterschaft vun de Lycéeë sti sech den FC Nankatsu an d'Toho-Schoul, d'Equipe vum Tsubasa sengem Äerzrival Kojiro Hyuga, dräimol an der Finall géinteniwwer. An den éischten zwee Joer gewënnt den FC Nankatsu d'Finall, am drëtte Joer gëtt et e 4:4 Gläichspill. Den Tsubasa a säin Äerzrival Hyuga schéissen all d'Goler, sou datt den Titel un déi béid Equippe geet.

No der Landesmeeschterschaft ginn nieft dem Tsubasa an dem Hyuga och den Hikaru Matsuyama an den Hiroshi Jito an d'japanesch U-16 Nationalequipe geruff, fir bei der Foussballweltmeeschterschaft vun den Junioren a Frankräich unzetrieden. Japan kënnt an d'Finall a gewënnt géint Däitschland mat 3:2. Nom Turneier wiesselt den Tsubasa a Brasilien wou hie fir den FC Brancos spillt, den Hyuga geet an Italien a spillt fir den FC Piemont.

Dräi Joer méi spéit spillt Japan bei der U-19 Asienmeeschterschaft a gewënnt an der Finall 2:0 géint Südkorea. Bei der U-20 WM gewënnt Japan d'Finall géint Brasilien mat engem Hattrick vum Tsubasa mat 3:2. No der WM bestit den Tsubasa seng Jugendfrëndin Sanae Nakazawa a wiesselt a Spuenien.

D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.

Personnagen

Tsubasa Ohzora

Den Tubasa (大空 翼, Ōzora Tsubasa) ass de Protagonist vun der Serie. Säi groussen Dram ass et  Foussballweltmeeschter ze ginn. Fir d'éischt spillt hien an der Equipe vun Nankatsu, ier hien a Brasilien bei den FC Brancos wiesselt a spéider a Spuenien bei den FC Barcelona. Seng besonnesch Technik ass den Top-Spin an de Fallrückzieher.

Genzo Wakabayashi

De Genzo (若林 源三, Wakabayashi Genzō) ass Golkipp an der Shutetsu-Schoul, duerno spillt hie fir den FC Nankatsu. Spéider wiesselt hien an Däitschland. Dobäi ass de Genzo Stammgolkipp an der japanescher Nationalequipe. Hien huet ëmmer eng Kap mat der Opschrëft W. Genzo un.

Kojiro Hyuga

Den Hyuga (日向 小次郎, Hyūga Kojirō) ass e gudde Stiermer, hie spillt am Ufank fir d'Meiwa-, speider fir d'Toho-Schoul. Fir d'éischt gesäit hien den Tsubasa als Feind un, am Laf vun der Serie ginn déi zwéin awer Kollegen. Den Hyuga kënnt aus engem aarme Milieu, nieft dem Foussballspille muss hien och schaffe goe fir senger Mamm an sengen dräi Gesëschter ze hëllefen. Seng Spezialtechnik ass den Tigerschoss. Spéider spillt den Hyuga an Italien fir d'Juventus Turin.

Taro Misaki

Den Taro (岬 太郎, Misaki Tarō) ass de beschte Kolleg vum Tsubasa. Zesumme sinn déi zwéin de Gëllenen Duo vun Nankatsu. Seng Stäerkt si gutt Passen a placéiert Schëss. Hie kann och gutt dribbelen a gutt Fräistéiss schéissen. Am Laf vun der Serie wiesselt hien an d'franséisch Liga.

Roberto Hongo

De Roberto ass e fréiere brasilianesche Foussballspiller dee japanesch Originnen huet. Wéinst enger Netzhaut déi sech bei engem Duell geléist huet, huet e seng Proficarrière missen ofbriechen. Hie gëtt den Trainer vum FC Nankatsu a bréngt dem Tsubasa seng Techniken, wéi den Top-Spin bäi. A Brasilien mécht hien eng Foussballschoul op, ier hien Trainer vun der brasilianescher Nationalequipe gëtt.

Ryo Ishizaki

De Ryo (石崎 了, Ishizaki Ryō) spillt och wéi den Tsubasa fir den FC Nankatsu an ass och Kapitän vun der Equipe. An der Nationalequipe spillt hie Back, seng Stäerkten sinn den Zweekampf, d'Ausdauer an d'Kampfkraaft.

Hikaru Matsuyama

Den Hikaru (松山 光, Matsuyama Hikaru) spillt fir den FC Furano. Hien ass an der japanescher Equipe de Chef an der Ofwier. Seng Spezialtechnik ass den Adlerschoss.

Ken Wakashimazu

Wakashimazu (若島津 健}, Wakashimazu Ken) trainéiert am Ufang Karate am Dojo vun sengem Papp. Duero entscheet hie sech, obwuel säi Papp dergéint war, Foussball ze spillen.

An der U-16 war hie Stammgolkipp, an der éischter Nationalequipe ass hien hanner dem Genzo Wakabayashi d'Nummer Zwee.

Shingo Aoi

Shingo (葵 新伍, Aoi Shingo) ass en jonken Spiller. Hien taucht an der J-Saga vir d'éischt op. Hien spillt an da zweeter italienescher Liga.

Hiroshi Jito

Jito (次藤 洋, Jitō Hiroshi) ass den gréissten Spiller am japaneschen Kader. Seng Stäerkt ass d‘Defensivarbescht.

Takeshi Sawanda

Takeshi (沢田 タケシ, Sawada Takeshi) wiesselt och wei Kojiro Hyuga vun da Meiwa ant Toho-Schoul. Zesummen bilden déi zwee den Goldene Duo Tohos. Spéider gëtt den Takeshi de Capitän vun da japaneschen U-20 Equipe.

Sanae Nakazawa

Sanae (中沢 早苗, Nakazawa Sanae) ass dem Tsubasa seng Frëndin, spéider gëtt Sanae seng Fra.

Jun Misugi

Jun (三杉 淳, Misugi Jun) huet vun allen am méschten Talent. Wéinst enger Härzkrankheet kann hen net voll an ganz Foussball spillen. An da japanescher U-16 ass hien Co-Trainer. Seng Stäerkten sinn gutt Spilliwwersiicht an Taktik.

Entstoen

Wei d'Serie a Japan Ufang von den 1980er Joeren ufengt, war Foussball net sou bekannt an populär. Den Auteur Yoichi Takahashi huet sëch virgeholl, nodeem hen WM 1978 an Argentinien gesinn huet, den Sport och an Japan méi béleift ze maachen. Sou huet hen ugefang den Captain Tsubasa ze erschaafen.

An Japan ass dei éischt Captain Tsubasa Serie vun 1981 bis 1988 am Weekly Shonen Jump vum Verlag Shueisha erauskomm. De Sammelband haat 37 Bänn. D'Serie gouf vum Auteur sieven Joer nom Enn vun da Orginalserie mat enger Fortsetzung mam Titel Captain Tsubasa- World Youth Hen erweidert. D'Fortsetzung gouf och an der Weekly Shonen Jump publizeiert bei bis zu hierem Enn 1997 18 Bänn arescht huet. Noom Captain Tsubasa- World Youth Hen, kennt 2001 Fortsetzung Captain Tsubasa- Road to 2002 an der Young Jump, wou dem Tsubasa säin Wee no Europa an säint Ophuelen ant Eicht Nationalequipe firt WM 2002 an Japan an Südkorea erzielt gett. Nodeem 2004 Serie eriwwer war, gouf vun 2005 bis 2008 Captain Tsubasa - Golden 23 weidergefouert. D'Serie déi och an da Young Jump erauskennt weist säin Wee ant Nationalselectioun firt Olympësch Sommerspiller 2004 zu Athen. Golden 23 huet et op 12 Bänn bruescht, 2009 koum eng kuerz Fortsetzung Captain Tsubasa: Kaigai Gekito Hen in Calcio,dei an zwee Bänn erauskoum.

2010-2012 koum Captain Tsubasa: Kaigai Gekito Hen En La Liga eraus, den aus sechs Bänner besteht. Ab Dezember 2013 kënnt Captain Tsubasa - Rising Sun am Magazin Grand Jump eraus.

An Daitschland goufen 37 Bänn vun der éischter Séire vum Carlsen Comics veröffentlëcht. De Manga ass op Franséisch, Italienisch and Spuenesch iwersaat gin.

Adaptatioun

Fernsehserien

De Manga gouf als Anime-Fernsehserie vun Toei Animation produzéiert. Vun 1983 bis 1986 gouf d'Serie mat 128 Folgen op der japanescher Televisiounschaîne TV Tokyo gewisen. An Däitschland ass d'Serie ënner dem Titel Die tollen Fußballstars bekannt ginn.

Wéi déi zweet Serie World Youth erauskoum, hunn Nippon Animation a Studio Comet nach eng Animetelevisiounsserie Captain Tsubasa J produzéiert. D'Serie mat 47 Folge gouf von 1993 bis 1995 um japanesche Sender Fuji TV gewisen.

Den drëtten Deel vum Manga, Captain Tsubasa – Road to 2002, gouf vum Group TAC a Studio Madhouse verfilmt an op der Chaîne TV Tokyo fir d'Foussballweltmeeschterschaft 2002 a Japan an a Südkorea gewisen. Den Anime mat 52 Serien ass an Däitschland mam Numm Super Kickers 2006 – Captain Tsubasa bekannt ginn. Op TV Tokyo, TV Aichi an anere Chaîne leeft zanter dem 3. Abrëll 2018 eng Neioplag vun der Serie. D'Serie handelt ëm d'japanesch Equipe während der Qualifikatioun fir WM 2018 a Russland. Et goufen Optrëtter vum Cristiano Ronaldo, Lionel Messi a Manuel Neuer annoncéiert.

Film

D'Regie fir d'Filmer gouf ëmmer vum Isamu Imakake gefouert.

  • Captain Tsubasa: Europe Daikessen ( キャプテン翼ヨーロッパ大決戦), 1985
  • Captain Tsubasa: Ayaushi ! Zen Nippon Jr. ( キャプテン翼危うし!全日本Jr. ), 1985
  • Captain Tsubasa: Asu ni Mukatte Hashire ! (( キャプテン翼明日に向って走れ!), 1986
  • Captain Tsubasa: Sekai Daikessen !! Jr. World Cup ( キャプテン翼世界大決戦!!Jr.ワールドカップ ), 1986
Original Videoanimation

D'Original Video Animation Shin Captain Tsubasa gouf vun CBS Sony Group Inc., Movic a Shueisha vum Juli 1989 bis Juli 1990 mat 13 Folge produzéiert a verëffentlecht. D'Serie ass d'Verfilmung vum leschten Deel vun de Captain Tsubasa-Mangaen. Et gouf eng zweet OVA 1994 publizéiert, Captain Tsubasa Movie 05: Saikyu no Tenki ! Hollanda Youth (キャプテン翼最強の敵! オランダユース), déi op Manga-Special baséiert.

Vidéospiller

Op der japanescher Konsol Super Famicom sinn dräi Spiller vum Captain Tsubasa erauskomm. Am Spill Jump Ultimate Stars kommen d'Haaptfiguren Tsubasa, Wakabayashi an Hyga vir. Captain Tsubasa: Gekito no Kiseki (キャプテン翼激闘の軌跡) ass 2010 fir Nintendo DS erauskomm.

Merchandise

Véier CDe mat der Musik vun der Serie sinn erauskomm. Et gëtt och speziell Tsubasa-Iwwerraschungs-Eeër mat Flummis a mat Tsubasa-Motiver.

Rezeptioun

Tatsuya Seto seet an 1001 Comics dat Captain Tsubasa “en fun den erfolegreichsten Sport-Mangas iwerhaapt ass“ den an Japan en „nationaalt Foussballféiwer“ ausgéleisst huet. Grënnung vum japaneschen Foussballchampionnat 1993 ass och ënnert anërem dem Erfollëg vum Manga ze verdanken. 2002 hun vill japanesch Nationalspiller gesoot, dat d'Serie sie entscheedend beaflosst huet. An da Serie geif et nieft Foussballspillen virum allem em „Frëndschaft, Teamwork and Rivalitéit“ goen.

Dei däitsch AnimaniA schréift dat den Captain Tsubasa den „erfolegréichsten Foussball-Manga aller Zéiten „ wier. Opwuel de Manga puer Schwächten huet, huet hen et gepackt vill Lieser unzezeien. Vill Charaktere géifen sech gléichen, Spannungen tëschen de Persounen géifen just wéineg virkommen. Mais doduesch das de Manga vill Figueren huet, kann jideren sech mat engem identifizeiren an ausserdem géifen Haaptakteure dem Lieser gefaalen.

Doduersch dat Entwecklung vun den Persounen an der Serie oppen bléift, ass et bei de Fans zu enger grousser Unzuel von Dōjinshi komm. MangasZene seet, dat de Manga „ wie eng Bomm bei da japanescher Jugend ageschlo“ huet „opwuel Zeechnungen perspektivesch wei proportionnell net ideal sinn“. De Manga huet och dofun profitéiert dat en 1982 erauskomm ass, an deem Joer huet och WM 1982 stattfonnt. WM huet gudd Werbung fir de Foussball an soumat och fir de Manga gemaach.

Hannergrond

E puer Nimm vum Tsubasa senge Géigespiller si vu reale Foussballspiller ofgeleet.

Am Manga gëtt et en italienesche Golkipp den Gino Hernandez, dee Personnage bezitt sech op den Dino Zoff. Aner Beispiller sinn de Juan Diaz' dee sech op den argentinesche Spiller Ramon Diaz bezitt. De Spiller Karl Heinz Schneider steet fir de Karl-Heinz Rummenigge, e bekannten däitsche Foussballspiller an de Pepe ass fir de brasilianesche Spiller Pepe geduecht.

Quellen

  1. Captain Tsubasa - Die tollen Fußballstars (Manga) - animePRO.de
  2. Die tollen Fussballstars um Tsubasa Ohzora
  3. Die tollen Fussballstars (Captain Tsubasa) vs. Die Kickers
  4. https://www.animenewsnetwork.com/news/2017-12-12/captain-tsubasa-soccer-manga-gets-new-tv-anime-in-april/.125203
  5. https://web.archive.org/web/20121017205058/http://www.dailytimes.com.pk/default.asp?page=story_10-5-2002_pg2_12
  6. http://www.eifsoccer.com/leagues/international/captain-tsubasa/
  7. https://www.nippon.com/en/views/b00103/