Op den Inhalt sprangen

Diego Velázquez: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.1) (Bot Derbäi setzen: ms:Diego Velázquez
k r2.7.1) (Bot Derbäi setzen: az:Dieqo Velaskes
Linn 53: Linn 53:
[[ar:دييغو فيلازكيز]]
[[ar:دييغو فيلازكيز]]
[[an:Diego Velázquez]]
[[an:Diego Velázquez]]
[[az:Dieqo Velaskes]]
[[bn:দিয়েগো বেলাসকেস]]
[[bn:দিয়েগো বেলাসকেস]]
[[zh-min-nan:Diego Velázquez]]
[[zh-min-nan:Diego Velázquez]]

Versioun vum 12:43, 19. Nov. 2011

Selbstportrait, 1643, Ueleg op Toile

Den Diego Rodríguez De Silva Velázquez, gebuer de 6. Juni 1599 zu Sevilla, a gestuerwen de 6. August 1660 zu Madrid, war e grousse spuenesche Moler. Hien ass sevillianescher a portugisecher Ofstamung.

Säin individuelle Molstil huet vill Kënschtler beaflosst, wéi zum Beispill de Francisco Goya an den Edouard Manet.

Mat 11 Joer huet hie seng Léierzäit am Atelier beim Francisco Pacheco ugefaangen. Mat 18 Joer huet hie sech selbstänneg gemaach a 1618 huet hien dem Pacheco seng Duechter, d'Juana de Pacheco, bestuet. Si kruten zwee Meedercher.

1623 ass hien op Madrid gaangen. Do huet hien den Titel Pintor del Rey Felipe IV kritt. Um spuenesche Kinnekshaff hat hie grousse Succès, zumols wou de Filipe IV. e grousse Konschtfrënd war.

Säi bekannstend Wierk war e Selbstporträt vu sech a senger Famill: Las Meninas.

Den Diego Velázquez ass de 6. August 1660 am Alter vun 61 Joer gestuerwen.

Seng Wierker

  • 1619: La comida
  • 1620: El aguador de Sevilla
  • 1630: La fragua de Vulcano
  • 1630: María de Austria
  • 1632: Cristo crucificado
  • 1635: Las Lanzas oder La rendición de Breda
  • 1635: El Príncipe Baltasar Carlos a caballo
  • 1636: Felipe IV a caballo
  • 1656: Las Meninas
  • 1660: La infanta doña Margarita de Austria
  • Las Hilanderas

Galerie

Literatur

  • Bottineau, Yves: Vélasquez, Citadelles & Mazenod, Collectioun Les Phares, 1998, 345 Säiten, iwwer 300 Illustratiounen.
  • Dem José López-Rey säi monumentaalt (iwwer 5,5 kg) Velázquez - Catalogue raisonné, Benedikt Taschen Verlag, vum Februar 2003, ass am Moment vergraff.

Um Spaweck

Commons: Diego Velázquez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA