Op den Inhalt sprangen

Exoplanéit: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.3) (Bot: Derbäi setzen: pnb:سورجوں پرے پاندھی
k r2.6.5) (Bot: Derbäi setzen: sh:Ekstrasolarni planet
Linn 114: Linn 114:
[[sl:Zunajosončni planet]]
[[sl:Zunajosončni planet]]
[[sr:Екстрасоларне планете]]
[[sr:Екстрасоларне планете]]
[[sh:Ekstrasolarni planet]]
[[fi:Eksoplaneetta]]
[[fi:Eksoplaneetta]]
[[sv:Exoplanet]]
[[sv:Exoplanet]]

Versioun vum 17:27, 4. Mäe. 2013

Exoplanéit OGLE-2005-BLG-390Lb. Et gëtt ugeholl datt et op dësem Planéit nach méi kal ass wéi op dem Exoplanéit Ypsilon Andromedae D (Kënschtleresch Duerstellung vun engem am Joer 2005 entdeckte Planemo, NASA)
Gliese876 - e Planetary mass object (Planemo) no bei engem klenge Stär, kënschtleresch Duerstellung

En Extrasolare Planéit, kuerz Exoplanéit, ass e Planéit baussent (griichesch exo...) dem gravitativem Afloss vun der Sonn (lat. Sol). Extrasolar Planéite gehéieren also net zum Sonnesystem, mä zu engem anere Planéitesystem, bzw. ëmkreesen een anere Stär. Si ginn zu der Grupp vun de Planemos gerechent (vun: planetary mass objects).

Entdeckung vum éischten Exoplanéit

Déi éischt Planéiten iwwerhaapt, déi baussent eisem Sonnesystem entdeckt goufen, ëmkreesen de Pulsar mat dem Numm PSR B1257+12. Duerch genee Miessungen vun der Retourzäit vum Strahl, den d'Äerd vum Pulsar erreecht, konnten 1992 zwee Planéiten mat Masse vun 4,3 an 3,9 Äerdmassen, an Ëmlafzäite vun 66,5419 an 98,2114 Deeg nogewise ginn. 1994 gouf en drëtten Planemo mat nëmmen 0,02 Äerdmassen, an enger Ëmlafzäit vun 25,262 Deeg entdeckt. Op dësem Planéit ass Liewen, wéi mer et op der Äerd kennen, praktesch ausgeschloss.

Den éischten Exoplanéit op engem Orbit ëm ee sonnenähnlechen Stär gouf 1995 vum Professer Michel Mayor vum Departement fir Astronomie vun der Universitéit Genf a sengem Mataarbechter Didier Queloz mat Hëllef vun der radialer Vitessemethode entdeckt. De Planéit kreest am 4,2-Deeg-Takt ëm de Stär Pegasus 51 , deen ca. 40 Liichtjoer vun der Äerd ewech ass an huet 0,46 Jupitermassen.

Exoplanéiten um Orbit ëm sonnenähnlech Stäre konnten bis haut net mat Teleskopen direkt observéiert ginn, well si ganz liichtschwaach sinn. Si ginn vun deem Stär, ëm de si kreesen, an de vill méi hell ass, iwwerstrahlt. D'Opléisungsverméige vun äerdgestützten Teleskopen geet haut nach net duer, fir zwéin Oojeten déi sou no beienee leien, a mat mat sou groussem Hellegkeetsënnerscheed wéi engem Planéit a sengem Stär getrennt duerzestellen.

Indirekt Noweismethoden

Bis elo konnten déi meeschten Exoplanéiten nëmmen indirekt nogewise ginn. Verschidde Methoden notzen dobäi den Afloss vun de Planéiten op den Zentralstär:

  • Transitmethod: Bedeckungen duerch de Planéit léist periodesch Ofsenkunge vun der Stärenhellegkeet aus, wann d'Ëmlafbunn sou läit, datt de Planéit aus Siicht vun der Äerd, genee virun dem Stär laanscht zitt. Dëst gëtt duerch eng exakt Miessung vun der Stärenhellegkeet duerch Photometrie nogewisen, während den Exoplanéit säin Zentralstär bedeckt. Dës Miessung ka mat terrestreschen Teleskope wéi de SuperWASP oder nach méi genee duerch Satellite wéi COROT oder Kepler duerchgefouert ginn. Ufanks 2005 ass et mat dem Spitzer-Weltraumteleskop gelongen, am Infraroutliicht eng 'sekundär' Bedeckung vun engem erhëtzte Planéit duerch den Zentralstär nozeweisen.
Beweegung vum Zentralstär ëm de kollektive Schwéierpunkt. D'Miessung vun der Stärebeweegung ass den Usaz fir d' radial Vitessemethod an d' astrometresch Method
  • Radial Vitessemethod: Stär a Planéit(en) beweege sech ënnert dem Afloss vun der Gravitatioun ëm hire kollektive Schwéierpunkt. De Stär beweegt sech wéinst senger gréisserer Mass ëm wesentlech méi kleng Weeër wéi de Planéit. Wann ee vun der Äerd aus net genee vertikal op d'Bunn kuckt, huet dës periodesch Beweegung vum Stär eng Komponent a Siichtrichtung (Radialvitesse), déi duerch d'Observatioun vun der ofwiesselnder Bloverrécklung an Routverrécklung (Doppler-Effekt) a ganz geneeë Spektren vum Stär nogewise kënne ginn. Gläichwerteg Informatiounen kritt ee bei Pulsaren duerch d'Ännerung vun der Zäitdauer tëschent de Stralungspulsen. Well d'Bunnschréiegt onbekannt ass, kann ee hei bei bekannter Stäremass net d'Planéitemass selwer, mä nëmmen eng Ënnergrenz berechnen. Déi meescht Exoplanéiten goufe bis elo mat dëser Method nogewisen.
  • Astrometresch Method: D'Beweegung vum Stär ëm dee kollektive Schwéierpunkt huet och Komponente quesch zu der Siichtrichtung. Dës sollten duerch genee Vermiessung senger Positioun relativ zu wäite Stäre noweisbar sinn. Bei bekannter Stäremass an -distanz kéint ee hei och d'Mass vum Planéit uginn, well d'Bunnschréiegt erausfonnt ka ginn. Schonns an der Mëtt vum 20. Joerhonnert gouf mat der astrometrescher Method no Exoplanéite gesicht. D'Observatiounen waren awer zevill ongenee. Och den Hipparcos huet nach net déi noutwendeg Genauegkeet fir nei Exoplanéiten z'entdecken. Dëst soll an der Zukunft duerch Interferometrie mat dem Very Large Telescope an Weltraumexperimente wéi de Gaia an den Space Interferometry Mission erreecht ginn.

Eng weider indirekt Method benotzt den Effekt op Hannergrondstären:

  • Gravitational microlensing-Method: Ënner Microlensing versteet een d'Verstäerkung vum Liicht vun enge Hannergrondobjet duerch Gravitatiounslënsenwirkung vun engem Virdergrondstär. D'Verstäerkung hëlt zou an erëm of, während sech de Stär virun dem Hannergrondobjet laanscht beweegt. Dësen Hellegkeetsverlaf kann duerch e Planéit vum Virdergrondstär eng charakteristesch Spëtzt kréien. En éischt Evenement gouf 2003 observéiert.

Zuel vu bekannten Exoplanéiten

Mëtt Abrëll 2007 waren 229 extrasolar Planéiten an 182 Systemer bekannt, dorënner 14 Systemer mat zwéin, fënnef Systemer mat dräi an zwee Systemer mat véier bekannte Planéiten (kee mat méi). Am Ëmkrees vun ca. 330 Liichtjoer goufe bis elo bei 7% vun de Stäre Planéite fonnt.

Verschidden Daten iwwer d'Atmosphär vum Planéit kritt een aus dem Spektrum während engem Stärenduerchgang.

Déi meescht vun deene bis elo entdeckten Systemer sinn awer net mat eisem Sonnesystem ze vergläichen, et handelt sech meeschtens ëm Gasrisen, déi hiren Zentralstär an enger ganz enker Ëmlafbunn ëmkreesen.

Esou Planemos gi vun den Astronomen hot Jupiters genannt.

Kleng Exoplanéiten

Fir och äerdgrouss Planéiten ze entdecken, stounge bis elo nach net genuch gutt Daten an Instrumenter zur Dispositioun, wat sech awer an nächster Zäit, d. h. an ee bis zwee Joerzéngten, ännere soll. Am Joer 2004 louch d'Ënnergrenz vun der Entdeckbarkeet bei enger Radialvitesse vu ronn 1 m/s. E Planéit, deen an 1 AE Distanz ëm säi Stär kreest, muss dofir eng Mass vun ca. 11,2 Äerdmassen hunn, fir iwwerhaapt entdeckt ze ginn.

Dee bis elo klengsten Exoplanéit gouf am Abrëll 2007 vun Astronomen vum Europäeschen Südobservatoire (ESO). Si entdeckten den zweeten Begleeder vum Stär Gliese 581: Gliese 581 c. D'Ëmlafdauer bzw. Joereslängt bedréit 13 Deeg. D'Uewerflächentemperatur gëtt op 0 bis 40 °C geschat. Sollt et hei Waasser ginn, kënnt et flësseg sinn. Soumat ass de Gliese 581 c een héichinteressant Fuerschungsobjet bei der Sich no ausserierdeschem Liewen. De Planéit huet schätzungsweis 1,5-fach Äerdgréisst an ass ongeféier fënnef Mol sou schwéier wéi eis Äerd. De Noweis vum Planéit ass duerch en Spektrograph gelong, där um Observatoire zu La Silla, Chile, betriwwe gëtt.

Aner bis elo nogewise kleng Exoplanéite sinn de Gliese 876 b, den OGLE-2005-BLG-390Lb an den HD 160691 d.

Um Spaweck

Commons: Exoplanéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA Schabloun:Link FA