Op den Inhalt sprangen

Kyklop: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.3) (Bot: Derbäi setzen: ml:സൈക്ലോപ്‌സ്
k r2.5.4) (Bot: Ännere vu(n) it:Ciclope (mitologia) op it:Ciclopi
Linn 45: Linn 45:
[[id:Kiklops]]
[[id:Kiklops]]
[[zu:Isayiklopsi]]
[[zu:Isayiklopsi]]
[[it:Ciclope (mitologia)]]
[[it:Ciclopi]]
[[he:קיקלופ]]
[[he:קיקלופ]]
[[ka:ციკლოპები]]
[[ka:ციკლოპები]]

Versioun vum 22:18, 14. Feb. 2013

D'Kyklopen oder Zyklopen (vu gr. Kyklophthalmos fir Krees-A, verkierzt op Kyklop(h)) ware Risen mat nëmmen engem A op der Stier. Si waren d'Jongen vum Uranos an der Gaia: de Brontes, de Steropes an den Arges. Déi éischt Titane an d'Hekatoncheires waren hir Gesëschter.

Den Uranos huet d'Kyklopen gehaasst an se ënnert der Äerd agespaart. Si si vum Zeus befreit ginn, deen doropshin vun hinnen de Blëtz an den Donner kritt huet. D'Kyklopen hunn him och am Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) gehollef.

Well den Zeus dem Apollo säi Jong Asklepios, deen eng Rei Doudeger ërem zum Liewen erwecht huet, mam Blëtz erschloen huet, bréngt den Apollo dunn d'Kyklopen ëm fir sech ze rächen.

Aner Kyklopen

  • Am Homer senger Odyssee begéint den Odysseus op senger Rees duerch d'Mëttelmier op enger Insel dem Kyklop Polyphem, dee seng Männer ee nom anere gefriess huet bis den Odysseus him d'A ausgestach huet a sech sou konnt dervu maachen. Och beim Virgil sin d'Kyklopen wëll a kannibalesch Risen.
  • Den Hephaistos hat als Gesellen Kyklopen déi him gehollef hun dem Zeus seng Blëtzer an Donnerkäilen hierzestellen. Vun hinne sinn der 2 mat Numm bekannt: den Achamas an de Pyracmon. Der So no kommen ënner anerem och der Artemis hire Bou an d'Feiler, dem Poseidon säin Dräizack an dem Hades säin Helm (deen onsichtbar soll maachen) aus senger Schmëdd.
  • An de Soe geet och rieds vu Kyklopen déi aus Lykie komm sinn a fir de Kinnek Proitos d'Mauere vun der Stad Tirynth (duerhir de Numm: Zyklopesch Maueren) an och ander Bauwierker opgeriicht hunn. Si hunn och d'Mauere vu Mykene gebaut an haten en Hellegtum op der Landbréck vu Korinth. Des Kyklope sinn och encheirogastres genannt ginn.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Cyclops – Biller, Videoen oder Audiodateien