Lëtzebuerger Arméi: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k r2.7.2) (Bot: Änneren: nl:Strijdkrachten van Luxemburg |
k r2.5.4) (Bot: Ännere vu(n) it:Lëtzebuerger Arméi op it:Esercito del Lussemburgo |
||
Linn 74: | Linn 74: | ||
[[en:Luxembourg Army]] |
[[en:Luxembourg Army]] |
||
[[fr:Forces armées luxembourgeoises]] |
[[fr:Forces armées luxembourgeoises]] |
||
[[it: |
[[it:Esercito del Lussemburgo]] |
||
[[lv:Luksemburgas armija]] |
[[lv:Luksemburgas armija]] |
||
[[hu:Luxemburg hadereje]] |
[[hu:Luxemburg hadereje]] |
Versioun vum 20:51, 24. Jan. 2013
D'Lëtzebuerger Arméi ass zënter dem 30. Juni 1967[1] eng reng Fräiwëllegenarméi, déi aus ronn 800 Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier an Offizéier besteet. Si stellt den eenzegen Deel vun de lëtzebuergesche Sträitkräften duer, eng Marine existéiert net. Eng Loftwaff soll an den nächste Jore mam Kaf vum Militärfliger A400M opgebaut ginn.
D'Zaldote sinn zënter 1955 um Dikrecher Härebierg an der Kasär Grand-Duc Jean stationnéiert.
Geschicht
Kuckt dofir den Artikel: Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi.
Rekrutéierung a Carrièren
Fir an d'Lëtzebuerger Arméi antrieden ze kënne muss een:
- déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder déi vun engem aneren EU-Memberstaat an zënter op d'mannst dräi Joer zu Lëtzebuerg wunnen;
- tëscht 18 a 25 Joer al sinn;
- net bestuet sinn;
- keng Krankheeten oder Handikapen hunn, déi mam Militärdéngscht net kompatibel sinn; an
- déi néideg intellektuell, moralesch a physesch Qualitéite mat sech bréngen.
Organisatioun
D'Lëtzebuerger Arméi wéi mer se haut kenne geet op d'Gesetz vum 29. Juni 1967 zréck, dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaf an déi nei Organisatioun vun der Arméi geregelt huet.
Missioun
D'gesetzlech Funktioun vun der Lëtzebuerger Arméi steet ganz am Kader vun der Force publique.
Ausrüstung
Uniform
Kuckt dofir den Artikel: Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi.
Waffen
- Pistoul Glock 17 9 mm
- Gewier Steyr AUG 5,56 mm
- Gewier Steyr AUG HBar 5,56 mm
- Maschinnegewier FN MAG 7,62 mm
- Schwéiert Maschinnegewier Mi .50 12,7 mm
- Anti-Panzerwaff LAW 66 mm
- Anti-Panzer-Waffesystem NLAW
- Kanoun 105 mm (gëtt nëmme méi vir den Tir d'honneur benotzt)
Gefirer
Anert Geschir
- Radio PR4G
- Radio BAMS
- Waasseropbereedungsanlag WTC 1600 GT a Waasserverpakungsanlag WPS 1600 GT
International Organisatiounen
- NATO
- SHAPE
- UEO
- EUROCORPS
- OSCE - Organization for Security and Co-operation in Europe
- Europäesch Unioun
Kuckt och
- Geschicht vun der Lëtzebuerger Arméi
- Kommandante vun der Lëtzebuerger Arméi
- Uniforme vun der Lëtzebuerger Arméi
- NATO
Um Spaweck
Commons: Lëtzebuerger Arméi – Biller, Videoen oder Audiodateien |