Op den Inhalt sprangen

Gol: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k r2.7.1) (Bot: Derbäi setzen: fa:گُل (ورزش)
k r2.7.1) (Bot: Änneren: fa:گل (ورزش)
Linn 25: Linn 25:
[[ext:Gol]]
[[ext:Gol]]
[[eu:Gol]]
[[eu:Gol]]
[[fa:گُل (ورزش)]]
[[fa:گل (ورزش)]]
[[fr:But]]
[[fr:But]]
[[gl:Gol]]
[[gl:Gol]]

Versioun vum 13:37, 20. Sep. 2012

Foussballsgol mat Golkipper

E Gol (vum engl. goal) ass bei Equippesportaarten, déi mat engem Ball gespillt ginn, eng Zort Rumm, déi un zwou Säite vum Spillterrain, déi sech géintiwwer leien, festgemaach ass, mat engem Netz hannendrunn. Zil vun deene Sportaarten ass et, de Ball (beim Äishockey de Puck) an de géigneresche Gol ze schéissen an ze verhënneren, datt déi aner Equipe dat beim eege Gol mécht.

Ee Member vun der Equipe ass de Golkipp (vum Englesche goal keeper - "Wiechter vum Gol"), fir dee besonnesch Regele gëllen, an deem seng Roll et ass, sech speziell dofir anzesetzen, ze verhënneren, datt de Ball an de Gol geet.

"Gol" nennt een duerch Analogie och dee Punkt, deen eng Equipe kritt, wann de Ball an de Gol geet, an och de Fait, de Ball an de Gol ze schéissen (vgl. "D'Equipe Y läit zwee Goler hannen" - "Den X. huet e Gol geschoss").

Um Spaweck

Commons: Goler – Biller, Videoen oder Audiodateien