Op den Inhalt sprangen

Gol: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
k Bot Änneren: da:Mål (sport)
k Goal gouf op Gol geréckelt
(Keen Ënnerscheed)

Versioun vum 09:05, 23. Sep. 2009

E Goal [go:l] ass bei Equippesportaarten, déi mat engem Ball gespillt ginn, eng Zort Rumm, déi un zwou Säite vum Spillterrain, déi sech géintiwwer leien, festgemaach ass, mat engem Netz hannendrunn. Zil vun deene Sportaarten ass et, de Ball (beim Äishockey de Puck) an de géigneresche Goal ze schéissen an ze verhënneren, dass déi aner Equipe dat beim eegen Goal mécht.

Ee Member vun der Equipe ass de Goalkipp (vum Englesche goal keeper - "Wiechter vum Goal"), fir dee besonnesch Regele gëllen, an deem seng Roll et ass, sech speziell dofir anzesetzen, ze verhënneren, dass de Ball an de Goal geet.

"Goal" nennt een duerch Analogie och dee Punkt, deen eng Equipe kritt, wann de Ball an de Goal geet, an och de Fait, de Ball an de Goal ze schéissen (vgl. "D'Equipe Y läit zwee Goaler hannen" - "Den X. huet e Goal geschoss").