Op den Inhalt sprangen

Shelley Winters: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
 
Linn 61: Linn 61:
* ''The Young Savages'' (1961) vum [[John Frankenheimer]]
* ''The Young Savages'' (1961) vum [[John Frankenheimer]]
* ''Lolita'' (1962) vum [[Stanley Kubrick]]
* ''Lolita'' (1962) vum [[Stanley Kubrick]]
* ''The Chapman Report'' (1962) vum George Cukor
* ''[[The Chapman Report]]'' (1962) vum George Cukor
* ''The Balcony'' (1963) vum [[Joseph Strick]]
* ''The Balcony'' (1963) vum [[Joseph Strick]]
* ''Wives and Lovers'' (1963) vum [[John Rich]]
* ''Wives and Lovers'' (1963) vum [[John Rich]]

Aktuell Versioun vum 17:14, 2. Jul. 2024

Shelley Winters
Gebuer 18. August 1920
Gestuerwen 14. Januar 2006
Beverly Hills
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun The New School
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schrëftsteller, Autobiograph
Partei Democratic Party
Famill
Bestuet mat Anthony Franciosa, Vittorio Gassman

D'Shelley Winters, gebuer den 18. August 1920 zu East St. Louis als Shirley Schrift a gestuerwen de 14. Januar 2006 zu Beverly Hills, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

D'Shelley Winters, déi aus enger jiddescher Immigrantefamill kënnt, hat Succès a Kaméidisstécker a Musicalen um Broadway a war enk mam Actors Studio verbonnen. Zanter 1943 huet si a Filmer matgespillt, woubäi se net nëmmen duerch hir klassesch Schéinheet opgefall ass, mä och duerch en deemools nach ongewinnt Selbstbewosstsinn.

Méi spéit am Liewe war d'Winters gefrot fir Charakterrollen. Si huet zweemol den Oscar kritt, fir hir Niewerollen an The Diary of Anne Frank (1959) an A Patch of Blue (1965). Bekannt war se och duerch hir Autobiographien, an deene si fräimiddeg iwwer hiert stiermecht Liewe erzielt huet, dorënner déi Affären, déi se mat bekannte Schauspiller wéi dem William Holden, dem Burt Lancaster oder dem Marlon Brando hat.

D'Shelley Winters war dräimol bestuet, dorënner och mam Schauspiller Vittorio Gassman, mat deem s'e Meedchen hat, a mat dem Anthony Franciosa.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Shelley Winters – Biller, Videoen oder Audiodateien