Op den Inhalt sprangen

Shintō-Schräin: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k Kategorie:Shinto gouf ewechgeholl; Kategorie:Shintō derbäigesat HotCat gouf benotzt
k r2.6.5) (Bot: Derbäi setzen: eu:Jinja
Linn 25: Linn 25:
[[es:Jinja]]
[[es:Jinja]]
[[eo:Ŝintoa Sanktejo]]
[[eo:Ŝintoa Sanktejo]]
[[eu:Jinja]]
[[fa:معبد شینتویی]]
[[fa:معبد شینتویی]]
[[fr:Sanctuaire shinto]]
[[fr:Sanctuaire shinto]]

Versioun vum 22:46, 5. Mäe. 2013

De Yasaka Schräin
Opbau vun engem Shinto-Schräin

Ënner dem Bëgreff Schinto-Schräin versteet een en Tempel, deen am Schintoismus als Ausübungsplaz vun der Relioun dinge soll. Di japanesch Bezeechnung ass Jinja, et existéiren awer nach aner Bezeechnunge fir tëscht deene verschiddenen Zorte vu Schräiner ze ënnerscheeden.

An de Schräiner ginn d'Kamis veréiert, eenzel oder e puer mateneen. Et existéiere vill verschidden Zorte vu Shinto-Schräiner: Während a verschiddene beispillsweis Naturgëtter ugebiet ginn, veréiren anerer d'Séile vu Verstuewenen, déi no der schintoistescher Virstellung zu Kamis gi sinn.

A Japan existéiren tëscht 80.000 an 100.000 Schräiner (no offiziellen Zielunge vun der "Vereenegung vun de Schinto-Schräiner"), et gëtt allerdéngs geschat, datt déi Zuel vill méi héich läit. Schinto-Schräiner finanzéire sech gréisstendeels duerch Spende vun de Gemengen, zu deene si geographesch gehéiren.

Geschicht

D'Geschicht vun de Schinto-Schräiner a Japan geet wäit zréck. Schonn zu der Herrschaftszäit vum Keeser Jimmu (am 6. Joerhonnert virun Christus) loosse sech di éischt Schräiner noweisen.

Schräiner gouffen als rituell Stätt bei Festen (jap. Matsuri), déi enk mat wichtege Sippe verbonne waren, genotzt. Vun der Kamakura Zäit u goufen d'Tempelen och besicht, wa grad keng Matsuri gefeiert gouf. Vu grousser Bedeitung fir d'Entwécklung vun de Schräiner war, datt wéi och bei buddhisteschen Tempelen d'Méiglegkeet bestoung, steierfräi Land (jap. Shoen) als Don ze kréien. Déi sougenannt Shoen-Schräiner hu sech dann a ganz Netzwierker vu Schräiner entwéckelt, déi spéider Haaptschräiner vun der Tokugawa-Zäit sollte ginn.

Während der Meiji-Zäit huet sech d'Schräinwiese bedeitend verännert. Zum engen gouf et vun der Regierung als Nationalrelioun propagéiert, zum anere gouf och Drock op d'Tempelen ausgeübt, sech an de moderne System anzefügen. D'Folleg dovuner war, datt vun do u Schinto-Geeschtlecher a staatlechen Institutiounen ausgebilt hu missen ginn.