Op den Inhalt sprangen

Vereent Natiounen: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k k
Mobby 12 (Diskussioun | Kontributiounen)
 
(36 Tëscheversioune vun 9 Benotzer ginn net gewisen)
Linn 1: Linn 1:
[[Fichier:Flag of the United Nations.svg|thumb|300px|Fändel vun de Vereenten Natiounen]]
[[Fichier:Flag of the United Nations.svg|thumb|Fändel vun de Vereenten Natiounen]]
[[file:United Nations (Member States and Territories).svg|thumb|d'Memberstaaten]]


D''''Vereent Natiounen''' ('''VN'''), [[Franséisch|fr:]] ''Organisation des Nations unies'' '''ONU''', [[Englesch|en:]] ''United Nations,'' dacks och als '''UNO''' fir ''United Nations Organization'' ofgekierzt, ass eng global [[international Organisatioun]]. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop uecht ze ginn datt [[Mënscherechter|d'Mënscherechter]] agehale ginn.
D''''Vereent Natiounen''' ([[Englesch|en:]] ''United Nations'' oder '''UN''', dacks och als '''Uno''' fir ''United Nations Organization'' ofgekierzt; [[Franséisch|fr:]] ''Organisation des Nations unies'' oder '''ONU''') ass eng global [[international Organisatioun]]. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop uecht ze ginn, datt [[Mënscherechter|d'Mënscherechter]] agehale ginn.


D'Vereent Natiounen versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.
D'Vereent Natioune versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.


[[2001]] kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de [[Kofi Annan]], de [[Friddensnobelpräis]] fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.
2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de [[Kofi Annan]], de [[Friddensnobelpräis]] fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.


== Grënnung ==
== Grënnung ==
[[Fichier:UNO Knoutrevolver.jpg|thumb|380px|''[[Knotted Gun|D'Knotted Gun]]'' zu [[New York City|New York]] ass e Kado vu Lëtzebuerg un d'Vereent Natiounen]]
[[Fichier:Prince of Wales-5.jpg|thumb|Den Churchill an de Roosevelt op der HMS Prince of Wales (1941)]]


D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a [[Krich]]er ze verhënnere gouf déi éischt Kéier a Form vum [[Vëlkerbond]] ([[1920]]-[[1946]]) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natiounen war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'[[USA]] an d'[[Sowjetunioun]], waren ni Member oder sinn, wéi [[Däitschland]] a [[Japan]], spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom [[Zweete Weltkrich]] vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.
D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a [[Krich]]er ze verhënnere gouf déi éischt Kéier a Form vum [[Vëlkerbond]] ([[1920]]-[[1946]]) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natioune war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'[[Vereenegt Staate vun Amerika|USA]] an d'[[Sowjetunioun]], waren ni Member oder sinn, wéi [[Däitschland]] a [[Japan]], spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom [[Zweete Weltkrich]] vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.

Nach während dem Krich, de [[14. August]] [[1941]], hunn den US-amerikanesche President [[Franklin D. Roosevelt]] an de britesche Premier [[Winston Churchill]] d'[[Atlantik-Charta]] proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen.
[[Fichier:Prince of Wales-5.jpg|left|thumb|Den Churchill an de Roosevelt op der HMS Prince of Wales (1941)]]


Nach wärend dem Krich, de [[14. August]] [[1941]], hunn den US-amerikanesche President [[Franklin D. Roosevelt]] an de brittesche Premier [[Winston Churchill]] d'[[Atlantik-Charta]] proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen.
An der ''Declaration by United Nations'' vum [[1. Januar]] [[1942]] beruffe sech 26 Staaten, dorënner och [[Lëtzebuerg (Land)|Lëtzebuerg]], op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.
An der ''Declaration by United Nations'' vum [[1. Januar]] [[1942]] beruffe sech 26 Staaten, dorënner och [[Lëtzebuerg (Land)|Lëtzebuerg]], op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.


D'Verhandlungen iwwer eng zukënfteg international Organisatioun ginn nach emol [[1944]] op der [[Konferenz vun Dumbarton Oaks]], bei [[Washington (D.C.)|Washington]], tëscht Vertrieder vu [[China]], [[Groussbritannien]], der Sowjetunioun an den USA intensivéiert a konkretiséiert.
D'Verhandlungen iwwer eng zukënfteg international Organisatioun ginn nach emol [[1944]] op der [[Konferenz vun Dumbarton Oaks]], bei [[Washington D.C.|Washington]], tëscht Vertrieder vu [[China]], [[Vereenegt Kinnekräich|Groussbritannien]], der Sowjetunioun an den USA intensivéiert a konkreetiséiert.


Nodeem zentral nach méi ëmstridde Punkten am [[Februar]] [[1945]] op der [[Konferenz vu Jalta]] gekläert konnte ginn, gëtt d'[[Charta vun de Vereenten Natiounen]] déclaréiert. D'Charta gouf de [[26. Juni]] [[1945]] vu 50 Staaten zu [[San Francisco]] ënnerschriwwen an ass de [[24. Oktober]] [[1945]] a Kraaft getrueden. [[Polen]] ass als 51. Grënnungsmember spéider bäikomm.
Nodeem zentral nach méi ëmstridde Punkten am [[Februar]] [[1945]] op der [[Konferenz vu Jalta]] gekläert konnte ginn, gëtt d'[[Charta vun de Vereenten Natiounen]] deklaréiert. D'Charta gouf de [[26. Juni]] [[1945]] vu 50 Staaten zu [[San Francisco]] ënnerschriwwen an ass de [[24. Oktober]] [[1945]] a Kraaft getrueden. [[Polen]] ass als 51. Grënnungsmember spéider bäikomm.

''Kuckt heizou och den Haaptartikel: [[Geschicht vun de Vereenten Natiounen]]''


== D'Charta vun de Vereenten Natiounen ==
== D'Charta vun de Vereenten Natiounen ==

D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaaten opgronn vum [[Droit international public]].
D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaaten opgronn vum [[Droit international public]].


An der Charta sinn d'Ziler a Regelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun de VN festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Vëlkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore geprägt.
An der Charta sinn d'Ziler a Reegelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun der UNO festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Vëlkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore geprägt.


D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.
D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.


== Memberen ==
== Memberen ==
[[Fichier:United Nations Geneva 2010-07-01.JPG|thumb|D'Fändele vun den UNO-Memberstaaten zu [[Genève]]]]
{{Méi Info 1|Membere vun de Vereenten Natiounen}}


2017 hat d'UNO 193 Memberstaate mat gläichberechtegt Stëmmrecht an der UNO-Vollversammlung. Domat sinn d'Vereent Natioune virun der [[Organisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht]] déi gréisst tëschestaatlech Organisatioun op der Welt. Als lescht Land ass de [[Südsudan]] am Juli 2011 Member ginn. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Reegele vun de Vereenten Natioune verflichten.
D'Vereent Natiounen hunn 191 Memberlänner (Stand [[2006]]). Nodeem [[Schwäiz|d'Schwäiz]] an [[Timor-Leste]] am Hierscht [[2002]] bäigetruede sinn, verbleift de [[Vatikanstad]] domat den eenzege souveräne Staat deen net dozougehéiert. Den ''Hellege Stull'', déi vëlkerrechtlech Vertriedung vum Vatikan, huet awer Beobachterstatus. International net vun allen Natiounen unerkannt Länner wéi d'[[West-Sahara]] (Demokratesch Arabesch Republik Sahara), déi [[Tierkesch Republik Nordzypern]], d'[[Cookinselen]] an [[Taiwan]] stinn och dobaussen.


De Grënnungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis [[1971]] am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'[[Volleksrepublik China]] misse fräimaachen. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Regele vun de Vereenten Natioune verflichten.
E puer Länner, déi net vun alle Staaten unerkannt ginn, si kee Member an der Vereenten Natiounen, wéi zum Beispill [[Republik China (Taiwan)|Taiwan]], de [[Kosovo]] oder [[Abchasien]] a [[Südossetien]]. De Grënnungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis 1971 am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'[[Volleksrepublik China]] misse fräimaachen.


De [[Vatikanstad|Vatikan]] a [[Palestina]] hunn Observateurstatus ouni Walrecht.
''Kuckt och:'' [[Membere vun de Vereenten Natiounen]]


== Organisatioun a Fonctionnement ==
== Organisatioun a Fonctionnement ==
[[Fichier:António Guterres November 2016.jpg|thumb|200px|[[Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen|Generalsekretär]] [[António Guterres]]]]
[[Fichier:UN security council 2005.jpg|thumb|200px|Sall vum UNO-Sécherheetsrot zu [[New York City|New York]]]]
[[Fichier:UN building.jpg|thumb|200px|UNO-Haaptsëtz zu [[New York City|New York]]]]

=== Haaptorganer ===
=== Haaptorganer ===


D'Vereent Natiounen hunn 6 Haaptorganer:
D'Vereent Natiounen hu sechs Haaptorganer:
* De [[Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen|Sécherheetsrot]] (''Security Council''; ''Conseil de sécurité'') ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen. [[China]], [[Russland]], [[Frankräich]], [[Vereenegt Kinnekräich|Groussbritannien]] an d'[[Vereenegt Staate vun Amerika|USA]] sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirekt ''[[Veto]]recht''. Déi aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
[[Fichier:Bankimoon.jpg|thumb|200px|[[Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen|Generalsekretär]] [[Ban Ki-moon]]]]
* D'[[Generalversammlung (Vereent Natiounen)|Generalversammlung]] (''General Assembly''; ''Assemblée générale''). All Memberstaat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
[[Fichier:UN security council 2005.jpg|thumb|200px|Sall vum UNO-Sécherheetsrot zu [[New York City|New York]]]]
* D'[[Generalsekretariat (Vereent Natiounen)|Generalsekretariat]] (''Secretariat''; ''Secrétariat''): geréiert a representéiert d'Organisatioun. De [[Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen‎]] ass den héchste Beamten an der Administratioun vun de Vereenten Natiounen. Zanter Januar [[2017]] huet den [[António Guterres]] dës Funktioun.
[[Fichier:UN building.jpg|thumb|200px|UNO-Haaptsëtz zu [[New York City|New York]].]]
* [[Wirtschafts- a Sozialrot (Vereent Natiounen)|Wirtschafts- a Sozialrot]] (''Economic and Social Council''; ''Conseil économique et social''): huet eng consultativ Roll bei Froen zu der internationaler wirtschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
* De [[Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen|Sécherheetsrot]] (''Conseil de sécurité'') ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen. [[China]], [[Russland]], [[Frankräich]], [[Groussbritannien]] an d'[[USA]] sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirekt ''[[Veto]]recht''. Déi aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
* Den [[Internationale Geriichtshaff]] (''International Court of Justice''; ''Cour internationale de Justice''): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestaatleche Streidereien.
* D'[[Generalversammlung (Vereent Natiounen)|Generalversammlung]] (''Assemblée générale''). All Memberstaat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
* De [[Conseil de tutelle (Vereent Natiounen)|Conseil de tutelle]] (''Trusteeship Council'') huet seng Aarbecht an Tëschenzäit suspendéiert a kënnt just nach zesummen, wann e gebraucht gëtt.
* D'[[Generalsekretariat (Vereent Natiounen)|Generalsekretariat]] (''Secrétariat''): geréiert a representéiert d'Organisatioun. Héchste Beamten an der Administratioun ass den [[Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen|Generalsekretär]] (zanter [[2007]] de [[Ban Ki-moon]])
* [[Wirtschafts- a Sozialrot (Vereent Natiounen)|Wirtschafts- a Sozialrot]] (''Conseil économique et social''): huet eng consultativ Roll a Froen zu der internationaler wiertschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
* Den [[Internationale Geriichtshaff]] (''Cour internationale de Justice''): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestaatleche Streidereien.
* [[Conseil de tutelle (Vereent Natiounen)|De Conseil de tutelle]] huet seng Aarbecht entre-temps suspendéiert


=== Niewenorganer a spezialiséiert Agencë ===
=== Niewenorganer a spezialiséiert Agencë ===

{{Méi Info 1|Lëscht vun den UNO-Organer}}


Nieft dëse sechs Haaptorganer gëtt et eng Rëtsch vun net-politesch spezialiséierten Niewenorganisatiounen an Agencë.
Nieft dëse sechs Haaptorganer gëtt et eng Rëtsch vun net-politesch spezialiséierten Niewenorganisatiounen an Agencë.

''Kuckt heizou: [[Lëscht vun den UNO-Organer]]''


=== Sëtzer a Sproochen ===
=== Sëtzer a Sproochen ===
Linn 67: Linn 66:
Den Internationale Geriichtshaff huet säi Sëtz zu [[Den Haag]] an [[Holland]].
Den Internationale Geriichtshaff huet säi Sëtz zu [[Den Haag]] an [[Holland]].


Ähnlech wéi d'Ambassadë sinn d'Sëtzer vun de Vereenten Natiounen exterritorialt Gebitt.
Änlech wéi d'Ambassadë sinn d'Sëtzer vun de Vereenten Natiounen exterritorialt Gebitt.


D'Vereent Natiounen hu sechs offiziell [[Sprooch]]en an déi all Dokument, Resolutioun a Protokoll iwwersat gëtt: [[Arabesch]], [[Chinesesch]], [[Englesch]], [[Franséisch]], [[Russesch]] a [[Spuenesch]].
D'Vereent Natiounen hu sechs offiziell [[Sprooch]]en an déi all Dokument, Resolutioun a Protokoll iwwersat gëtt: [[Arabesch]], [[Chineesesch]], [[Englesch]], [[Franséisch]], [[Russesch]] a [[Spuenesch]]. Aarbechtssprooch sinn Englesch a Franséisch.

Englesch a Franséisch sinn dogéint déi eenzeg zoulässeg Aarbechtssproochen.


=== Finanzéierung ===
=== Finanzéierung ===


D'Vereent Natioune finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat bäisteiere ka läit bei 25%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen. D'USA sinn an där spezieller Situatioun, datt se zwar mat 22% ([[2004]]-[[2006]]) am meeschte bäileeen, gläichzäiteg awer och de gréissten Débiteur sinn.
D'Vereent Natioune finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat bäisteiere ka läit bei 22%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen.


2017 hat d'UNO e reguläre Budget vu 5,6 Milliarden US-Dollar an e Budget vu 7,3 Milliarden USD fir Friddensmissiounen (Juli 2017 bis Juni 2018). Gréisst Geldgiewer fir de reguläre Budget 2016-18 sinn d'[[USA]] (22%), [[Japan]] (9,68%), [[China]] (7,92%), [[Däitschland]] (6,39%) a [[Frankräich]] (4,86%). Beim Budget 2016-18 fir d'Friddensmissioune waren et nees d'USA (28,47%), China (10,25%), Japan (9,68%), Däitschland (6,39%) a Frankräich (6,29%).<ref>diplomatie.gouv.fr: [http://www.diplomatie.gouv.fr/fr/politique-etrangere-de-la-france/la-france-a-l-onu/la-france-et-les-nations-unies/article/infographie-le-financement-des-nations-unies-contributions-et-priorites-de-la ''Infographie: le financement des Nations unies, contributions et priorités de la France''] (September 2017)</ref>
Friddens- a Spezialprogrammer (wéi z.&nbsp;B. [[UNICEF|d'UNICEF]]) ginn entweder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.

Spezialprogrammer (wéi z.&nbsp;B. d'[[UNICEF]]) ginn entweeder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.


== Um Spaweck ==
== Um Spaweck ==

{{Commonscat|United Nations|Vereent Natiounen}}
{{Commonscat|United Nations|Vereent Natiounen}}
* Websäit vun de [http://www.un.org/ Vereenten Natiounen] {{ar}}{{zh-CN}}{{en}}{{fr}}{{ru}}{{es}}
* Websäit vun de [http://www.un.org/ Vereenten Natiounen] {{ar}}{{zh-CN}}{{en}}{{fr}}{{ru}}{{es}}
* [http://www.un.int/luxembourg/ Permanent Missioun vu Lëtzebuerg bei de VN] {{en}}
* [http://newyork-un.mae.lu/en Permanent Missioun vu Lëtzebuerg bei der UNO op der Websäit vum Lëtzebuerger Ausseministère]

{{Referenzen}}


[[Kategorie:Vereent Natiounen| ]]
[[Kategorie:Vereent Natiounen| ]]
[[Kategorie:Friddensnobelpräisdréier|Vereent Natiounen]]
[[Kategorie:Friddensnobelpräisdréier|Vereent Natiounen]]

{{Link FA|nl}}
{{Link FA|sr}}
{{Link FA|th}}
{{Link FA|ur}}
{{Link FA|vi}}

Aktuell Versioun vum 17:10, 12. Mee 2024

Fändel vun de Vereenten Natiounen
d'Memberstaaten

D'Vereent Natiounen (en: United Nations oder UN, dacks och als Uno fir United Nations Organization ofgekierzt; fr: Organisation des Nations unies oder ONU) ass eng global international Organisatioun. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop uecht ze ginn, datt d'Mënscherechter agehale ginn.

D'Vereent Natioune versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.

2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de Kofi Annan, de Friddensnobelpräis fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Den Churchill an de Roosevelt op der HMS Prince of Wales (1941)

D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a Kricher ze verhënnere gouf déi éischt Kéier a Form vum Vëlkerbond (1920-1946) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natioune war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'USA an d'Sowjetunioun, waren ni Member oder sinn, wéi Däitschland a Japan, spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom Zweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.

Nach wärend dem Krich, de 14. August 1941, hunn den US-amerikanesche President Franklin D. Roosevelt an de brittesche Premier Winston Churchill d'Atlantik-Charta proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen. An der Declaration by United Nations vum 1. Januar 1942 beruffe sech 26 Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.

D'Verhandlungen iwwer eng zukënfteg international Organisatioun ginn nach emol 1944 op der Konferenz vun Dumbarton Oaks, bei Washington, tëscht Vertrieder vu China, Groussbritannien, der Sowjetunioun an den USA intensivéiert a konkreetiséiert.

Nodeem zentral nach méi ëmstridde Punkten am Februar 1945 op der Konferenz vu Jalta gekläert konnte ginn, gëtt d'Charta vun de Vereenten Natiounen deklaréiert. D'Charta gouf de 26. Juni 1945 vu 50 Staaten zu San Francisco ënnerschriwwen an ass de 24. Oktober 1945 a Kraaft getrueden. Polen ass als 51. Grënnungsmember spéider bäikomm.

D'Charta vun de Vereenten Natiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaaten opgronn vum Droit international public.

An der Charta sinn d'Ziler a Reegelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun der UNO festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Vëlkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore geprägt.

D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

D'Fändele vun den UNO-Memberstaaten zu Genève

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Membere vun de Vereenten Natiounen.

2017 hat d'UNO 193 Memberstaate mat gläichberechtegt Stëmmrecht an der UNO-Vollversammlung. Domat sinn d'Vereent Natioune virun der Organisatioun fir islamesch Zesummenaarbecht déi gréisst tëschestaatlech Organisatioun op der Welt. Als lescht Land ass de Südsudan am Juli 2011 Member ginn. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Reegele vun de Vereenten Natioune verflichten.

E puer Länner, déi net vun alle Staaten unerkannt ginn, si kee Member an der Vereenten Natiounen, wéi zum Beispill Taiwan, de Kosovo oder Abchasien a Südossetien. De Grënnungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis 1971 am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'Volleksrepublik China misse fräimaachen.

De Vatikan a Palestina hunn Observateurstatus ouni Walrecht.

Organisatioun a Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Generalsekretär António Guterres
Sall vum UNO-Sécherheetsrot zu New York
UNO-Haaptsëtz zu New York

Haaptorganer[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natiounen hu sechs Haaptorganer:

  • De Sécherheetsrot (Security Council; Conseil de sécurité) ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen. China, Russland, Frankräich, Groussbritannien an d'USA sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirekt Vetorecht. Déi aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
  • D'Generalversammlung (General Assembly; Assemblée générale). All Memberstaat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
  • D'Generalsekretariat (Secretariat; Secrétariat): geréiert a representéiert d'Organisatioun. De Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen‎ ass den héchste Beamten an der Administratioun vun de Vereenten Natiounen. Zanter Januar 2017 huet den António Guterres dës Funktioun.
  • Wirtschafts- a Sozialrot (Economic and Social Council; Conseil économique et social): huet eng consultativ Roll bei Froen zu der internationaler wirtschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
  • Den Internationale Geriichtshaff (International Court of Justice; Cour internationale de Justice): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestaatleche Streidereien.
  • De Conseil de tutelle (Trusteeship Council) huet seng Aarbecht an Tëschenzäit suspendéiert a kënnt just nach zesummen, wann e gebraucht gëtt.

Niewenorganer a spezialiséiert Agencë[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den UNO-Organer.

Nieft dëse sechs Haaptorganer gëtt et eng Rëtsch vun net-politesch spezialiséierten Niewenorganisatiounen an Agencë.

Sëtzer a Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Hiren Haaptsëtz hunn d'Vereent Natiounen zu New York. Den Terrain laanscht den East River gouf vum John Davison Rockefeller Junior gestëft an zanter 1951 sinn hei fënnef vun deene sechs Haaptorganer doheem.

Donieft huet d'Sekretariat nach dräi Büroen, jeeweils zu Genève an der Schwäiz (UNOG), zu Wien an Éisträich (UNOV) an zu Nairobi am Kenia (UNON).

Den Internationale Geriichtshaff huet säi Sëtz zu Den Haag an Holland.

Änlech wéi d'Ambassadë sinn d'Sëtzer vun de Vereenten Natiounen exterritorialt Gebitt.

D'Vereent Natiounen hu sechs offiziell Sproochen an déi all Dokument, Resolutioun a Protokoll iwwersat gëtt: Arabesch, Chineesesch, Englesch, Franséisch, Russesch a Spuenesch. Aarbechtssprooch sinn Englesch a Franséisch.

Finanzéierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natioune finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat bäisteiere ka läit bei 22%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen.

2017 hat d'UNO e reguläre Budget vu 5,6 Milliarden US-Dollar an e Budget vu 7,3 Milliarden USD fir Friddensmissiounen (Juli 2017 bis Juni 2018). Gréisst Geldgiewer fir de reguläre Budget 2016-18 sinn d'USA (22%), Japan (9,68%), China (7,92%), Däitschland (6,39%) a Frankräich (4,86%). Beim Budget 2016-18 fir d'Friddensmissioune waren et nees d'USA (28,47%), China (10,25%), Japan (9,68%), Däitschland (6,39%) a Frankräich (6,29%).[1]

Spezialprogrammer (wéi z. B. d'UNICEF) ginn entweeder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vereent Natiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. diplomatie.gouv.fr: Infographie: le financement des Nations unies, contributions et priorités de la France (September 2017)