Op den Inhalt sprangen

Wale fir d'Europäescht Parlament 2009: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k k
Linn 438: Linn 438:
[[ru:Выборы в Европейский парламент (2009)]]
[[ru:Выборы в Европейский парламент (2009)]]
[[sl:Volitve v Evropski parlament 2009]]
[[sl:Volitve v Evropski parlament 2009]]
[[sr:Избори за Европски парламент 2009.]]
[[fi:Europarlamenttivaalit 2009]]
[[fi:Europarlamenttivaalit 2009]]
[[sv:Europaparlamentsvalet 2009]]
[[sv:Europaparlamentsvalet 2009]]

Versioun vum 17:48, 4. Dez. 2011

D'Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 waren déi 7. Direktwal fir d'Europäescht Parlament. Se goufen tëscht dem dem 4. und 7. Juni 2009 ofgehalen. Et war dës déi éischte Kéier, wou all 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, no hirer leschter Erweiderung 2007, matgemaach hunn. D'chrëstdemokratesch-konservativ Europäesch Vollekspartei (EVP) konnt sech dobäi als déi stäerkste Franktioun behaapten, iwwerdeems d'Sozialdemokratesch Partei vun Europa (SPE) däitlech Verloschter huet missen astiechen. Déi Europäesch Gréng Partei (EGP) war déi Partei mat de meeschte Gewënner u Sëtzer. A verschiddene Länner hunn och rietsextrem an europaskeptesch Parteie vill Stëmme krut.

Waltermin, Walmodus a Sëtzzuel

D'Europawal gouf getrennt, no de jeweils nationalstaatleche Walgesetzer ofgehalen. Dofir hunn déi national Parteie Lëschten opgesat; déi gewielten Deputéiert hu sech dann je no politescher Orientéierung enger europäescher Parteigruppéierung ugeschloss. Bis ewell ginn et sougutt wéi keng Parteien[1], déi länneriwwergräifend oder esouguer europawäit Lëschten opsetze géifen.

All Memberstaat huet eng bestëmmten Zuel vu Sëtzer, déi em zegutt stinn. Lëtzebuerg zum Beispill huet hirer sechs. Walberechtegt (aktiv a passiv) sinn nieft de Staatsbierger vun deem jeweilege EU-Land och all EU-Bierger, déi zënter eng bestëmmter Zäit do liewen (a sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn, woubäi se da mussen declaréiern, net och am Land, vun deem se d'Nationalitéit hunn, ze wielen).

Gewielt gouf a Groussbritannien an an Holland schonns donneschdes, de 4. Juni, an Irland de 5. Juni, an Tschechien de 5. a 6. Juni, an der Slowakei, Zypern, Lettland a Malta de 6. Juni, an an Italien de 6. und 7. Juni. An all deen anere Länner waren d'Wale sonndes, de 7. Juli; zu Lëtzebuerg war dat zesumme mat de Wale fir d'Chamber.

Schabloun:MéiInfo 1

An alle Länner gouf nom Proporzwalrecht gewielt; je no Land konnt een nëmmen 1 Stëmm pro Lëscht ginn (z.B. an Däitschland), méi Stëmmen (Irland, Luxemburg) an/oder d'Reiefolleg op der Lëscht änneren (Éisträich). A Groussbritannien, Frankräich, Irland, Italien, der Belsch an a Polen gouf et e puer Walbezierker, an deenen anere Länner (wourënner Lëtzebuerg) just een eenzegen.

Duerch den Traité vu Lissabon gouf d'Zuel vun den Deputéierten op 751 festgeluegt. A verschiddene Länner gouf et Ännerunge par rapport zu virdrun; dofir waren Iwwerganksléisunge virgesi ginn.

Walresultater

     EVP (265)
     S&D (184)
     ALDE (84)
     Gréng/EFA (55)
     ECR (54)
     EUL-NGL (35)
     EFD (32)
     ouni Fraktioun (27)

D'Walbedeelegung louch an der Moyenne bei 43%, liicht ënnert der viregter vun 2004 (45,5%). Ausser an der Belsch an zu Lëtzebuerg, wou Walflicht besteet, an d'Beddelegung ëm déi 90 % louch, war se op Malta (78,8 %) an an Italien (65,1 %) besonnesch héich. Besonnesch niddreg war se a Litauen (21,0 %) an an der Slowakei (19,6 %).

An de Wochen duerno hu sech déi eenzel national Parteien den Europäesche Fraktiouen ugeschloss.

Bei senger konstitutiver Assemblée, de 14. Juli 2009, huet dat nei gewielte Parlament sech esou zesummegesat:

Fraktioun
Land
EVP S&D ALDE ECR Gréng/EFA GUE-NGL EFD ouni Fraktioun zesummen Bedeelegung
EU 265 184 84 55 55 35 32 26 736 43,0 %
Belsch 3 (CD&V)
1 (CDH)
1 (CSP)
3 (PS)
2 (SP.A)
3 (Open VLD)
2 (MR)
1 (LDD) 1 (Groen!)
2 (Ecolo)
1 (N-VA)
2 (VB) 22 90,4 %
Bulgarien 5 (GERB)
1 (SDS)
4 (BSP) 3 (DPS)
2 (NDSV)
2 (Ataka) 17 39,0 %
Dänemark 1 (C) 4 (A) 3 (V) 2 (F) 1 (N) 2 (O) 13 59,5 %
Däitschland 34 (CDU)
8 (CSU)
23 (SPD) 12 (FDP) 14 (Grüne) 8 (Linke) 99 43,3 %
Estland 1 (IRL) 1 (SDE) 1 (RE)
2 (KE)
1 (onofh.) 6 43,9 %
Finnland 3 (Kok.)
1 (KD)
2 (SDP) 3 (Kesk.)
1 (SFP)
2 (Vihr.) 1 (PS) 13 40,3 %
Frankräich 24 (UMP)
3 (NC)
2 (LGM)
14 (PS) 6 (MoDem) 14 (EE) 4 (FG)
1 (PCR)
1 (Libertas) 3 (FN) 72 40,7 %
Griicheland 8 (ND) 8 (PASOK) 1 (Gréng) 2 (KKE)

1 (SYRIZA)

2 (LAOS) 22 52,6 %
Irland 4 (FG) 3 (Lab) 3 (FF)
1 (unabh.)
1 (SP) 12 57,6 %
Italien 29 (PdL)
5 (UdC)
1 (SVP)
21 (PD) 7 (IdV) 9 (LN) 72 65,1 %
Lettland 1 (JL)
2 (PS)
1 (SC) 1 (LPP/LC) 1 (TB) 1 (PCTVL) 1 (SC) 8 53,7 %
Litauen 4 (TS-LKD) 3 (LSDP) 1 (DP)
1 (LRLS)
1 (LLRA) 2 (TT) 12 21,0 %
Lëtzebuerg 3 (CSV) 1 (LSAP) 1 (DP) 1 (Déi Gréng) 6 90,8 %
Malta 2 (PN) 3 (PL-MLP) 5 78,8 %
Holland 5 (CDA) 3 (PvdA) 3 (VVD)
3 (D66)
1 (CU) 3 (GL) 2 (SP) 1 (SGP) 4 (PVV) 25 36,8 %
Éisträich 6 (ÖVP) 4 (SPÖ) 2 (Grüne) 3 (Martin)
2 (FPÖ)
17 46,0 %
Polen 25 (PO)
3 (PSL)
7 (SLD-UP) 15 (PiS) 50 24,5 %
Portugal 8 (PSD)
2 (CDS-PP)
7 (PS) 2 (CDU)
3 (BE)
22 36,8 %
Rumänien 10 (PD-L)
3 (UDMR)
1 (onofh.)
11 (PSD-PC) 5 (PNL) 3 (PRM) 33 27,7 %
Schweden 4 (M)
1 (KD)
5 (SAP) 3 (FP)
1 (C)
2 (MP)
1 (PP)
1 (V) 18 45,5 %
Slowakei 2 (SDKÚ-DS)
2 (KDH)
2 (SMK)
5 (Smer-SD) 1 (LS-HZDS) 1 (SNS) 13 19,6 %
Slowenien 2 (SDS)
1 (N.Si)
2 (SD) 1 (LDS)
1 (Zares)
7 28,3 %
Spuenien 23 (PP) 19 (PSOE)
2 (PSC)
1 (CDC)
1 (PNV)
1 (ERC)
1 (ICV)
1 (IU) 1 (UPyD) 50 46,0 %
Tschechesch Republik 2 (KDU–ČSL) 7 (ČSSD) 9 (ODS) 4 (KSČM) 22 28,2 %
Ungarn 14 (Fidesz) 4 (MSZP) 1 (MDF) 3 (Jobbik) 22 36,3 %
Vereenegt Kinnekräich 13 (Lab) 11 (LD) 25 (Con)
1 (UUP)
2 (Greens)
2 (SNP)
1 (PC)
1 (SF) 13 (UKIP) 2 (BNP)
1 (DUP)
72 34,7 %
Zypern 2 (DISY) 1 (EDEK)
1 (DIKO)
2 (AKEL) 6 59,4 %
Fraktioun EVP S&D ALDE ECR Gréng/EFA GUE-NGL EFD ouni Fraktioun am Ganzen Bedeelegung

Nom Akraaft-Triede vum Traité vu Lissabon, den 1. Dezember 2009, huet d'Fraktioun vun der EVP aacht Sëtzer bäikrut, d'S&D fënnef, déi Gréng/EFA zwee, d'ECR een, an nach zwee zousätlech Deputéiertt ouni Fraktioun.

Kuckt och

Weblinks

Referenzen an Notten

  1. eng éischt Tentativ war déi ephemär europafeindlech Partei Libertas, déi an e puer Länner Lëschten opgesat hat.
Commons: European Parliament Election 2009 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Schabloun:Link FA